| 01 | Kb | Den Alain Lambert, deen zu Betten wunnt, huet virgëschter (30.01) op enger Pressekonferenz zu Sterpenech säi Buch mam Titel “Sentinelles aux frontières de l’Est …. / Les postes d’alerte 1937-1940” virgestallt.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | St | Bei den Autosgaragen ass bis den 10. Februar méi lass, well de 50. Autofestival huet haut ugefaang. Organiséiert gëtt e vun der „ADAL“ (Association des Distributeurs Automobiles Luxembourgeois) a vun der „FEGARLUX“ (Fédération des Garagistes du Grand-Duché de Luxembourg). Am Heft „myauto.lu“ fënd ee folgend Betrieber, déi an eiser Gemeng matmaachen:
– Garage Gelz Robert S.à r.l., 22, Lëtzebuergerstrooss, mat de Marken “Dacia” a “Renault” – Garage Kieffer S.à r.l., 110-112, Habschterstrooss, mat der Mark “VW” – Garage Neugebauer S.A., 106, Habschterstrooss, mat der Mark “Citroën”. An de Banken kritt een och während dem Festival Spezialkrediter.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | – | An der Sendung “Background am Gespréich” vun “RTL” ass den Ausseminister Jean Asselborn, dee live vu München (hien hëlt un der 50. internationaler Sécherheetskonferenz deel) op déi gestallten Froen iwwert d’Aussepolitik äntwert.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | Kb |
Generalversammlung am Musekssall ëm 18.00 Auer vun der “Klengbettener Musek”. Während der Versammlung gi folgend Musikanten/Musikantinnen ausgezeechent: – sëlver Ugda-Verdéngschtmedail (20 Joer): Marcel Thiry – Bronzemedail (10 Joer): Jennifer Moreira – Verdéngschtnol (5 Joer): Diane Kaufmann, Lydie Mayer, Claire Winter a Shannon Wagner.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | Ha | Après-Ski am Pompjeessall. Musek vum DJ-DJAILS. Org.: JCHK.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | – | International Iwwerwéisungen an Avis-de-débiten ginn vun haut un ënnert der SEPA-Virschrëft (Single Euro Payments Area) gemaach.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | St | De Kannermissiounssonndeg steet dëst Joer ënnert dem Motto: Hoffnung op ee neit Doheem. Ëm 10.00 Auer gëtt an der Stengeforter Kierch eng Mass fir d’Kanner vun Hoen/Klengbetten a Stengefort gelies. No der Mass kréien déi Gleeweg nach den Hals geseent.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | St | Den “Athletico Steinfort” organiséiert am “Centre Roudemer” vu 14.14 Auer un
e Kannerfuesbal mam Disco-Team “Sound Dream”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | – | „Liichtmëssdag“. D’Kanner gi vun Haus zu Haus a sangen de Leit dat Lidd: „Léiwer Herrgottsblieschen“. Als Merci kréien se kee Speck an och keng Ierbessen mä Borgeld an/oder Séissegkeeten.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | – | Op “France 24” huet den Ausseminister Jean Asselborn Froen beäntwert, déi d’Inland an d’Ausland betraff hunn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 03 | – | “Sankt Blasius stéisst dem Wanter d’Haren of”. Vläicht ass eppes un deem Sprachwuert drun oder och net well an der Mëttesstonn ass een Trapp Hoergänsen iwwert eis Dierfer a Richtung “Süden” geflunn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 04 | St | Am Kulturzenter “Al Schmelz” ass ëm 19.30 Auer en interaktiven Owend fir d’Elteren mat dem Thema “Facebook: All in One” (Aféierung an déi sozial Netzwierker am Allgemengen mat Schwéierpunkt op Facebook, Skype, …). Et schwätzt den Här Georges Knell vu BEE-SECURE. Org.: Équipe pédagogique vun de Léierzyklen 3 a 4 vun der Grondschoul vu Stengefort.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | Ha | Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres an der „rue Principale“.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | St | Gemengerotssëtzung ëm 18.00 Auer am Kulturzenter “Al Schmelz”. E puer Themaen erausgepickt:
– Europawahlen, – nächste Gemengebuet, – Kannerentféierung, – Klassifizéierung vum Gebitt Schwaarzenhaff/Jongebësch an eng “Réserve naturelle”. No der normaler Sëtzung huet nach eng Geheimsëtzung stattfond, déi iwwer Personalfroen an Personalustellungen gehandelt huet.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | St |
Den Erléis vum Parfest 2013 hunn d’Organisateuren – Fraen a Mammen, Chorale Ste Cécile a Stengeforter Parrot – op enger klenger Feier an der aler Schoul un d’Fondation Dr. Elvire Engel (2.250 €) fir e Projet am Burkina Faso an un de Pater Théo Klein (2.250 €) fir Bedierfnesser vun der Stengeforter Kierch iwwerreecht.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 06 | – | D’”SuperDrecksKëscht” sammelt vun 8.30 bis 12.00 Auer de Sondermüll an den Uertschaften an a vun 09.00 bis 17.00 Auer op der Parkplaz vum Kulturzenter “Al Schmelz”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 06 | St | Puppelcher- a kleng Kannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 9.00 bis 11.30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”. An där Zäit gëtt d’”Info-Santé” och Informatiounen iwwert d’Entwécklung vun de fënnef Sënner.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 06 | – | D’Firmkanner ginn d’Synagog an d’Stad kucken.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 07 | – | De ganzen Dag iwwer si Wandgeschwëndegkeeten zwëschent 80 a 90 Kilometer an der Stonn gemooss ginn, déi vu ville Schliet begleet sinn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | – | CSV-Nationalkongress. De Jean-Marie Wirth, Stengeforter Buergermeeschter, ass fir de Bezierk Süden am neie Nationalkomitee vun der CSV.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | St | Am “Centre Roudemer” organiséiert de “Crystal Darts” haut a mar eng “Brocante”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | St |
Am Kulturzenter “Al Schmelz” präsentéiert ëm 20.00 Auer de “Cabarenert” (Monique Melsen, Karin Seywert, Marcel Heintz, Al Ginter) op Aluedung vum “Syndicat d’Initiative Steinfort” säi neie Programm “LuxiLeaks”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 11 | St | D’”LSAP- Sektioun Stengefort” hält am Kulturzenter “Al Schmelz” ëm 19.30 Auer mam Jean Asselborn, Minister vun den “Affaires étrangères”, eng Konferenz iwwert Europa of.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 12 | – |
An der Emissioun “Anne Will” op der däitscher ARD-Televisioun geroden ëm 23.40 Auer den Ausseminister Jean Asselborn an de Programmchef vun der Schwäizer Vollekspartei, Christoph Mörgeli, verbal uneneen. D’Sendung hat Thema: “Schweizer machen die Schotten dicht – Aufschwung für Rechtspopulisten?”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 13 | – | D’”ACFL” vum Dekanat Käerch besicht d’Kathedral.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 13 | – | Déi nei Ëmweltministesch, d’Carole Dieschbourg, deelt eis op enger Pressekonferenz mat, datt et eise Bëscher net gutt geet an datt duerfir elo geschwënn e neit Bëschgesetz kënnt.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 14 | – |
“Vältesdag”, Dag vun de Verléiften a vun der Wirtschaft an duerfir huet d’”Fédération horticole luxembourgeoise” den “Don’t forget Valentine’s Day!” an d’Liewe geruff. De Stengeforter Blummebuttek, “Fleurs Danielle Grün”, mécht bei dëser Aktioun mat. |
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 14 | – | Kuerz no 17.00 Auer rennen an der Kräizerbucherstrooss zu Habscht zwéin Autoen aneneen. Dobäi gëtt eng Persoun liicht blesséiert a mat der Stengeforter Ambulanz an d’Spidol gefouert.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 14 | – | Am „Luxemburger Wort“ konnt een haut liesen, wat eis Politiker fir hir Aarbecht, déi se mat Fläiss an Asaz fir eist d’Land maachen, verdéngen.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 15 | St |
D’Gemeng Stengefort verkeeft Brennholz aus dem “Schliekebësch” fir 60 Euro de Ster. Bis haut muss een Bestellung bei der Gemengeverwaltung gemaach hunn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 15 | St | Zwëschen 14.00 an 17.30 Auer briechen Onbekannter an e Chalet um Camping an a lossen zwee Laptoppen an e Navigatiounsapparat matgoen.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 15 | St | Vun 20.00 Auer un organiséiert “Regione Abruzzo Steinfort Nel Luxemburgo” e kulturelt Fest am “Centre Roudemer”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 15 | – |
Haut war weltwäit dem Reewuerm säin Dag. Den ganzen Dag iwwer gouf bei vill Wand an am Owend mat vill Reen (Hurra) gefeiert. |
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 16 | St | Computer FlouMaart am „Centre Culturel Al Schmelz“ vun 9.00 bis 12.00 Auer. Org.: Master Computer Club Luxembourg.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 16 | Ha |
De “Gaart an Heem Hoen” invitéiert vun 11.30 Auer un op säi Familljefest an de Pompjeessall. Bei dëser Geleeënheet ginn 1000 Euro un de “Service de rééducation fonctionnelle gériatrique” vum Stengeforter Spidol gespend.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 17 | – | An de Bréifkëschten fannen d’Gemengebierger de “de Gemengebuet N° 29, Februar 2014” mat ënner anerem d’Gemengerotssëtzungen vum 12.09.2013, 17.10.2013, 21.11.2013 an 18.12.2013.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 17 | – | Eng Studie vun der Statec huet erginn, dat 94,5 % vun de Stéit zu Lëtzebuerg een Internetuschloss hunn an datt 87% all Dag am Netz sinn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 17 | – | Eurobarometer: 40% vun de Lëtzebuerger gesinn an der EU eppes Positives, 40% vun hinnen ass d’EU egal an 20% hunn eng negativ Meenung vun Europa.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | 18 | D’“Stengeforter Demokraten – DP“ kontaktéieren an informéieren d‘Bierger mat hirem „Infoblad N° 4 / 2014“.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 18 | St |
No langem Hin an Hier, CFL/Gemeng, sinn d’Aarbechten um Tunnel vir bei d’Kläranlag ofgeschloss an d’Leit kënnen ërem ouni ze fäerten ee Steen op de Kap ze kréien duerch den Tunnel goen.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | St | Puppelcher- a kleng Kannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 9.00 bis 11.30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | Kb | Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll am Nomëtteg am Kohlerbierg.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 21 | – | Obschonns mer nach net am Abrëll sinn, hate mer haut sou zimlech alles wat e vu Wieder kann hunn: Reen, Schnéischaueren, Knëppelsteng a Sonn bei engem frësche Wand a bei Temperaturen bis 8° Grad.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 21 | Kb |
D’Generalversammlung vun de “Stengeforter Demokraten – DP” ass ëm 19.00 Auer am Restaurant “de Bräiläffel”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 23 | St |
Am “Centre Roudemer” gëtt vun 9.00 Auer un déi uerdentlech Generalversammlung vun der F.L.P.S. (Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs) ofgehalen. Den Organisator ass de “Fëscherclub Äischdall Stengefort”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 23 | Kb | Am “Hisbec” ass vun 10.00 Auer un d’Generalversammlung vun der “Société Avicole Steinfort”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 23 | Ha | Géint 21.00 Auer iwwerschléit sech een Auto an der Jeckelsgaass. De Chauffeur ass an d’Spidol komm.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 24 | – | Hënt war déi éischt kaal Nuecht an dësem Joer mat +/- -2 Grad. De ganzen Dag huet d’Sonn geschengt an et waren so ëm déi 12 Grad ginn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 24 | – | An der Stater Gare démonstréieren am Nomëtteg déi zwou Eisebunnsgewerkschaften (FNCTTFEL a Syprolux) géint de 4. Eisebunnspak (nach méi Liberaliséierung, Zerplitterung vun der lëtzebuergescher Eisebunn (CFL)) vun der Europäescher Unioun. Etlech Zich kréien och doduerch Verspéidung.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 24 | – |
Virun 30 Joer ass duerch e Gesetz (sur le régime des langues) “d’Lëtzebuergesch” eis Nationalsprooch ginn. |
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | – | De Projet fir den Areal “Schwaarzenhaff/Jongebësch” (een deel dovun läit op dem Gebitt vun der Habschter Gemeng) zu engem Naturreservat ze maachen ass an der heiteger Habschter-Gemengerotssëtzung refuséiert ginn well zevill Restriktiounen domat verbonne sinn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | St | Am Kulturzenter “Al Schmelz” seet “myenergy/infopoint Westen” eis vun 19.30 Auer un wéi een Energie am Alldag ka spueren.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | – | Virun engem Joer huet de “Bommeleeërprozess” ugefaangen. Bis haut ass nach keen Enn dervun ze gesinn. Kann e sech froen wat dat d’Ganzt de Steierzueler bis elo kascht huet a nach kaschte wärt.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | St | Aus dem Polizei-Bulletin: Abroch an een Eefamilljenhaus am Klengbettenerwee zwëschen 08.00 an 19.20 Auer.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | St | Op enger Membersversammlung huet den Asazzenter Stengefort am Owend hier nei haaptberuflech Asazkraaft vun der “Administration des Services de Secours” virgestallt kritt. Dës Persoun ënnerstëtzt déi Fräiwëlleg am Dag.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | – | Zwëschen Äischen a Stengefort ass géint 22.20 Auer aus ongekläerter Ursaach een Automobilist mat senger Jeep frontal an e Bam gerannt an ass doduerch widdert een zweete Bam geschleidert ginn fir schlussendlech op der anerer Stroossesäit am Bësch total futti stoen ze bleiwen. D’Stengeforter Ambulanz huet dee schwéier Blesséierten, nodeem e vum SAMU-Dokter vun Esch-Uelzecht stabiliséiert gi war, an d’Spidol gefouert.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 26 | St |
D’Gesondheetsministerin Lydia Mutsch besicht den “Hôpital Intercommunal de Steinfort”.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 26 | – | D’Police grand-ducal léisst d’Leit aus dem Land wëssen, datt an denen nächsten Deeg (Fuesentszäit) verstäerkt Kontrollen (Alkohol a Vitesse) gemeet ginn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 26 | – | Trotz de Protester vun den Eisebunnsgewerkschaften an den EU-Länner an zu Stroossbuerg gëtt am Europäesche Parlament de 4. Eisebunnspak ugeholl. Dat lescht Wuert huet elo de Conseil vun den Transportministeren. Donc, affaire à suivre.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 26 | St |
|
Am Kader vun der “Journée Mondiale du Coeur” ginn déi Interesséiert ëm 19.00 Auer am Kulturzenter “Al Schmelz” vun den “LCR” (Luxembourg Resuscitation Council) geléiert wéi een e Liewen bei engem Häerzstëllstand rette kann. |
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 27 | St | Bis haut haten eis auslännesch EU-Matbierger, déi am Land wunnen, Zäit fir sech op d’Wahllëscht fir d’Europawahlen anzedroen.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 27 | St | Gemengerotssëtzung ëm 18.00 Auer am Kulturzenter “Al Schmelz”. E puer Themaen erausgepickt:
– Budget 2014 an ofgeännerten Budget 2013 bewëllegt, – ageschriwwen auslännesch Europawieler an der Gemeng: 72 vun 206 Bierger hu sech agedroen, – Ëmbamaarbechten an der “rue Collart” zu Stengefort, – Bauprojet an der Haaptstrooss zu Hoen, – Devis (25.000 Euro) fir een Elektroauto.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 27 | – | RTL Radio Lëtzebuerg. Den Ausseminister Jean Asselborn ass no aacht Auer Gaascht an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun” (Haaptthema: d’Ukrain).
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | St | Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres an der Arelerstrooss.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | – | Haut ass de leschten Dag fir de Formulär fir de “sportif méritant” beim President vun der Sportskommissioun vun der Gemeng Stengefort ofzeginn.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | St | Vun haut un a bis den 07. Mäerz 2014 kann een op der Gemeng d’Europawahllëschten, déi provisoresch vum Schäfferot festgehale goufen, kucke goen a reklaméieren wann een eppes gesinn huet wat net stëmmt.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | St | Vu 16.00 bis 21.00 Auer stinn Dieren am Jugendhaus grouss op. Org.: Croix-rouge.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | St |
Op der Generalversammlung vun der “LSAP”, déi am Kulturzenter “Al Schmelz” stattfënd, ass den Inneminister Dan Kersch op Besuch. De Sammy Wagner ass neie President.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | Gr | Op Uerder vum “Ministère public” huet d’Polizei an der Nuecht (28.02/01.03) eng Alkoholskontroll gemaach.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | An der zweeter Halschecht vum Mount fléien d’Krukerten zu Honnerten no Norden (Norddäitschland, Skandinavien, Russland) an déi Gebitter, wou se bréien.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – |
D’Virzeechen vum Fréijoer: déi éischt Schnéikläckelcher bléien an de Gäert. |
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | Den „Objectif 2001 Stengefort“ presentéiert „Stengefort news N° 37“ op dem Sender „.dok den oppene kanal“ (d’Zäiten fënd een an de Programmzäitschrëften) mat folgendem Programm: Konscht- an Hobbymaart am Stengeforter Spidol, Asaz am Katastrophegebitt Tacloban an Guiuan op de Philipinnen – de Gilles Wunsch am Gespréich mam Serge Wagener (Deel 2), Zivilcourage fir méi Sécherheet, Neijooschfeier vun der Gemeng Stengefort.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | St | Generalversammlung vum “Fëscherclub Äischdall Stengefort”. Geéiert ginn:
– intern Meeschterschaft: Roby Feipel (U14), Jeff Sadler (U18), Carla Leclerc (Dammen), René Birlenbach (Veteran) a Charles Feipel (Senior) – Weiermeeschterschaft: Roby Feipel, Noémie Müller, Jeff Sadler, Rob Leclerc, Philippe Diederich, Carla Leclerc, Sandra Beidler, Charles Feipel, Jean-Paul Braun, Jacques Rausch a Fernand Becker – Veteranemeeschterschaft: René Birlenbach (3. Plaz).
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – |
|
Am Laf vum Mount fiert “….äre Botzmeeschter” mat sengem gréngen Botzauto duerch eis Dierfer a kiirt den Dréck op, deen d’Leit “verluer” haten. |
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | „Neknominate“ heescht dat neit Spill op dem Facebook: Hei besaufen sech speziell d’Kanner a d’Jugendlecher bis se ëmfalen. Wéi e gesäit e ganzt léierräicht Spill!
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | D‘“Société Kolping-Luxembourg Asbl, Jongenheem Asbl“ an d‘“Aide aux enfants handicapés du Grand-Duché Asbl“ ruffen d’Leit op, hinnen hier al Kleeder ze spenden. Doduerch ënnerstëtzen sie dann déi sozial an humanitär Projeten vun deenen zwou Associatiounen. D’Kleeder gi gratis bei jidderengem doheem eweggeholl.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | Kreditkaartenbedruch am “Internet”. Wéi d’Europäesch Zentralbank (EZB) festhält sinn d’Bierger hei zu Lëtzebuerg am meeschten vun dëser Art Bedruch betraff. Also Vollek, an Zukunft opgepasst.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| D’Energiepräisschwankungen am Mount Februar (01-28):
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||

