| 01 | St | De Veräin “Aktikulti” organiséiert vum 04. bis de 25. Mee ënnert dem Motto “Gemustert” eng Ausstellung mat Skulpturen an Installatiounen a fräier Natur hannert der Gemeng an um Site “Hinter der Berk”. Haut ass de leschten Dag fir sech beim Concours anzeschreiwen. | ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | – | ![]() |
Vun haut un huet Lëtzebuerg fir e Mount de Virsëtz am UN-Weltsécherheetsrot. |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | Ha | „Bola Loca“, Party IV, am Pompjeesbau. Fir Stëmmung suergt den DJ Jeremy. Org.: Sporting Club Steinfort (Dammenequipe).
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 01 | – | An der ARD Live-Sendung “EWG – Einer wird gewinnen” hëlt den Ausseminister Jean Asselborn als Kandidat fir Lëtzebuerg deel. Allerdéngs war hien no der éischter Ronn net méi derbäi.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | – | Fuesent.
E sonnegen Dag mat e bëssi Wand an Temperaturen bis acht Grad. |
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | St | Kannerbal am “Centre Roudemer” vu 14.30 bis 18.30 Auer. Fir Stëmmung suergt de „www.konfetti.lu”. Org.: Fëscherclub Äischdall Stengefort.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 02 | Kb | D’”Fraen a Mammen Hoen-Klengbetten-Koler-Grass” halen ëm 14.00 Auer am Parsall hir Generalversammlung of an iwwerreechen den Erléis (4.000 Euro) vum Adventsfest 2013, dat se zesumme mam “Gaart an Heem Klengbetten” organiséiert haten, un d’”Kannerland Lampertsbierg”; 500 Euro hat d’”Stëmm vun der Strooss” schon iwwerwise kritt. Virdru gouf nach vun 12.00 Auer un fir 25 Euro gutt giess (jambon de porcelet en croûte, pommes de terre rissolées, légumes, salade, dessert, café).
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 03 | – |
|
Aktiounswoch bei “myenergy/infopoint Westen”. Vun haut un a bis de 07. Mäerz gëtt zwëschen 12.30 a 19.30 Auer no Stroumfréisser bei verschiddene Bierger an eiser Gemeng gesicht. |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 03 | – | Déi nei liberal – sozialistesch – gréng Regierung gëtt bekannt, datt d’Studiebäihëllefe vum Staat gekierzt ginn.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 04 | St | “Steinjazz”. Am Kulturzenter “Al Schmelz” trëtt ëm 19.30 Auer um “Steinfort Jazz Festival”, dee vun der “BGL BNP Parisbas Bank” gesponsert gëtt, de “4SQuartet” (David Fettmann – Saxophone, Jerome Klein – Piano, Pol Belardi – Basse, Niels Engel – Batterie) op. Org.: Stengeforter Musek an d’Harmonie Klengbetten mat der Ënnerstëtzung vun der Commission des affaires culturelles de la commune de Steinfort.
Gläichzäiteg kann een eng Ausstellung ënnert dem Titel „Jazz & more” vum lëtzebuergeschen Artist Sergio Di Paoli kucken.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | – | De Bicherbus kënnt haut vu 14.20 bis 14.40 Auer op Klengbetten (Parking Kierfecht) a vu 14.50 bis 15.25 Auer op Stengefort (Parking Centre Roudemer).
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | St | ![]() |
Äschermëttwoch.
Ëm 16.30 Auer fänken d’Kanner d’Faaschtenzäit, déi dëst Joer ënnert dem Motto steet: „All Engagement zielt!“, an der Stengeforter Kierch mat engem Gottesdéngscht un. Duerno gëtt d’Äschekräiz ausgedeelt. |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | St | D’“Fëscherfrënn Stengefort 2010“ bake Fësch beim „Café Sandkëscht“ vun 10.45 bis 14.00 Auer a vu 17.00 bis 20.30 Auer. Am „Café Sandkëscht“ kënne se och direkt giess ginn.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | – | Fir d’éischt an der Geschicht vum lëtzebuerger Land presidéiert e Lëtzebuerger, den Ausseminister Jean Asselborn, zu New York d’Sëtzung vun den Ausseministeren vum UN-Weltsécherheetsrot. D’Haaptthema war d’Lag an der Zentralafrikanescher Republik.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | St | Am Kulturzenter “Al Schmelz” iwwerreecht d’”Entente des Sociétés de la Commune de Steinfort” den Erléis (6.400 Euro) vum Chrëschtmaart 2013 un d’Vereenegung “Ile aux Clowns” (3.200 Euro) an un d’Vereenegung “Lux Rollers” (3.200 Euro).
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 05 | – | De neie Infrastrukturminister, François Bausch, deelt eis mat, datt et elo genuch ass mat dem Geliits op den Autobunnen. Ab Abrëll ginn op der Areler Autobunn Luuchtepottoen eweggehol. D’Autobunnsbeliichtung bleiwt nach just bei den Op- an Ausfahrten.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 06 | – | Puppelcher- a kleng Kannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 9.00 bis 11.30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”. An där Zäit gëtt d’”Info-Santé” och Informatiounen iwwert e gesond Iessen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 07 | Kb | Well en ze déif an d’Glas gekuckt hat, huet een Automobilist ëm 03.10 Auer der Polizei musse säi Führerschäin ofginn.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 07 | – |
D’Gesondheetskees (CNS) deelt eis mat, datt Tarifer vun den Dokteren, Zänndokteren an de spezialiséierten Dokteren den 01. Mäerz liicht an d’Luucht gaange sinn. |
![]() |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 07 | – | Eestëmmeg gëtt am UN-Weltsécherheetsrot ënnert der lëtzebuergescher Presidentschaft (Jean Asselborn) eng Resolutioun ugeholl, déi vun der lëtzebuergescher Delegatioun ausgeschafft gi war. D’Resolutioun huet als Ziel bis 2016 de Rekrutement vu Kanner als Zaldoten a bewaffneten Konflikter duerch Regierungstruppen ze stoppen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 07 | St | Am Kader vun der “Faaschtenzäit Clairefontaine” fënd ëm 19.30 Auer e meditative Fousstour mat uschléissendem Faaschteniessen an der “Porte Ouverte” an der aler Schoul statt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | St | Vun 10.00 bis 18.00 Auer kann een an der “Cave des Sommeliers” (Pascal Carré a Aristide Spies) 02, Rodemer fir näischt Wäin mat Kéis schmaachen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | – | D’“Jeunesse Hoen-Klengbetten“ zéien am Dag mat hirem Won an haarder Musek duerch Stroossen a lauden esou hiert „Buergbrennen“ vu mar an.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | St | „Buergbrennen“. Ëm 19.30 Auer geet e Fakelzuch vun der Gemengeplaz (Square General Patton) op de Parking bei d’“Al Schmelz“ wou ëm 19.45 Auer d‘Buerg ugefaange gëtt. An engem gehëtzten Ënnerstand servéieren d’Stengeforter Guiden a Scouten St. Hubert / Ste Bernadette Zoppen, Gegrilltes a Gedrénks.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | St | Volleksfest am “Centre Roudemer”. Org.: Grupo Danças et Cantares Aldeias de Portugal.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 08 | – | Am “Télécran 11/2014” konnt een ënnert der Rubrik “Typesch Lëtzebuergesch” een Artikel iwwert d’“Moulins de Kleinbettingen” liesen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 09 | St | Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres an der Lëtzebuergerstrooss.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 09 | St | Computer FlouMaart am „Centre Culturel Al Schmelz“ vun 9.00 bis 12.00 Auer. Org.: Master Computer Club Luxembourg.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 09 | – | Um éischte Faaschtesonndeg ass zu Stengefort keng Mass well zu Äischen ëm 10.00 Auer eng Kannermass verbonnen mat enger Bicherausstellung gehalen gëtt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 09 | – | An der Boîte fannen d’Gemengebierger e Zortéierguide vun der “Valorlux” wou drasteet wat se an de bloe Sak däerfe maachen a wat net.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 09 | Ha | Bei den „Dräi Brécken“ gëtt ëm 18.30 Auer d’Buerg ugefaangen. An engem gehëtzten Zelt servéiert d‘“Jeunesse Hoen-Klengbetten“ Ierzebulli mat Mettwurscht, Grillwurscht a Gedrénks.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 10 | – | Well e Fernlaster géint 6.00 Auer op der Autobunn Arel-Lëtzebuerg Mazout verluer hat a sech doduerch e risege Stau gebilt hat, war nach méi een décken Trafic duerch eis Uertschafte wéi soss.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 11 | – | Well d’”Fédération des Sociétés philatéliques du Grand-Duché de Luxembourg” den 22. Februar 80 Joer kritt hat, gëtt si haut ee seidenen Timber eraus.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 11 | – | Duerch eng EU-Direktiv iwwert den Internethandel, Fernverkaf an de Schutz vun Daten, déi am Parlament ugeholl ginn ass, gëtt och d’Hauséieren (et muss een awer eng Handelsermächtegung hunn) hei am Land erlaabt.
Fir elo vun esou engen Händler a Rou gelooss ze ginn, muss de Bierger de Sticker “Opt-out” doheem u seng Dier pechen. Neenee, d’ass keen Abrëllswitz.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 12 | – | Haut virun 25 Joer gouf de “WWW” (World Wide Web) duerch de briteschen Informatiker Tim Berners-Lee geschafe, deen d’Grondlag vum heitegen Internet ginn ass.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 12 | – | Zwëschen Stengefort an Habscht brennt géint 20.00 Auer e Koup mat Holzreschter. Den Asazzenter Stengefort huet de Brand séier ënner Kontroll.(Photo: CIST).
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 13 | – | D’Firmkanner ginn den “Institut St. Joseph” op Betzder besichen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 13 | – | Den Ausseminister Jean Asselborn, President vum UN-Weltsécherheetsrot, kritiséiert op enger Sëtzung am Owend zu New York dat russescht Virgoen an der Ukrain an hofft, datt et nach net ze spéit ass fir eng friddlech Léisung ze fannen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 14 | St | De Schäfferot gëtt bekannt, datt op de Parkplazen bei der Gemeng, der Grondschoul a der Post d’Gemengevignetten net gëllen. Hei ass d’Parken nëmme mat dem bloen Disque erlaabt, deen hannert der Autosfënster muss leien.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 14 | St | Ëm 20.00 Auer ass am Kulturzenter “Al Schmelz” d’Generalversammlung vum “Centre d’intervention Steinfort”. Duerno si verdéngschtvoll Memberen geéiert ginn: Jeff Fetler, Théo Wooning a Jean Hoffmann (vu 1949 bei de Pompjeeën derbäi).
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 15 | – | Déi lescht Deeg war et sonneg, schéint an dréchent Wieder mat zäitweis 18 Grad. Mueres fréi war et kal a vill Saache ware mat Äiskristallen bedeckt. Dëst Wieder hate mer puer Héichten ze verdanken. Allerdéngs huet dat Wieder och schon d’Moustiquen an d’Zecken aus hire Stoppen herausgelackelt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 15 | – | An alle Massen ass haut a muer den Affer fir d’Obdachlosenhëllef vun der Caritas.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 15 | St | D’“Stengeforter Musek” lued fir 20.00 Auer d’Leit an de “Centre Roudemer” an, wou ënnert der Direktioun vum Laurent Bauvin de “Gala-Concert” ënnert dem Titel “Proms on The Westside” stattfënnt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 17 | Ha | Am “Hisbec” kréien d’Examenskandidaten vum Éischt-Hëllef-Cours, dee vum Zivilschutz an Zesummenaarbecht mat de Gemengen Habscht, Käerch a Stengefort organiséiert gi war, hiren Diplom iwwerreecht.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 18 | St | Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres an de Kolonien.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 18 | – | D’Schoulkanner vum Zyklus 3.2 aus der Grondschoul vu Klengbetten a Stengefort besichen “Tageblatt-Redaktioun” an den “Editpress-Dréckzenter”.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 18 | – | No enger klenger Paus presentéiert den „Objectif 2001 Stengefort“ d‘„Stengefort news“ och erëm um „Info-Kanal“ vun der Gemeng a zwar mat de „News“ vum Januar a Februar 2014.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 18 | St | „Steinjazz“. Am Kulturzenter “Al Schmelz” trieden ëm 19.30 Auer um „Steinfort Jazz Festival“ d’“Sascha Ley” an de “Laurent Payfert“ op. Org.: Stengeforter Musek an d’Harmonie Klengbetten mat der Ënnerstëtzung vun der Commission des affaires culturelles de la commune de Steinfort. |
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 19 | St | Am Kulturzenter “Al Schmelz” ass ëm 17.00 Auer eng Komiteesversammlung vum ZARO. Op der Lee stinn: Informatiounen, Courrier, Zoustëmmung vun der Versammlung vum 05.12.2013, Virstellung vum Finanzplang iwwer e puer Joer (2014-2017) a Verschiddenes.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 19 | St | Am Kulturzenter “Al Schmelz” stellen ëm 18.30 Auer d’”Frënn vun der Atertlinn a.s.b.l. Grass/Klengbetten” mam Auteur, dem Arthur Klein, d’Buch “Über 150 Jahre Eisenbahn in der Gemeinde Steinfort”, dat mat Hëllef vun der Gemeng Stengefort zu Stane komm ass, vir.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 19 | – | Op der Generalversammlung vun der Polizeigewerkschaft konnt e feststellen datt et gréisser Problemer tëschent dem “Cadre supérieur” an de Polizisten, déi all Dag fir eis am Asaz sinn, gëtt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 19 | – | Um Rand vun der Pressekonferenz vum Regierungsrot huet den Ausseminister Jean Asselborn gesot, datt de “Putin Krim gewonnen an d’Ukrain verluer huet”.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | – | ![]() |
No enger killer Nuecht mat Frascht weist de leschten Dag vum Wanter sech vu senger schéiner Säit an am Laf vum Dag fängt d’Fréijoer grad esou schéin un. Um Thermometer stinn +/- 20 Grad. An esou fänkt d’Natur och un ze erwächen an een Deel vun de Mënschen spiert d’Fréijoersmiddegkeet.
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | St | Puppelcher- a kleng Kannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 9.00 bis 11.30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | Ha | Aus dem Police-Bulletin: An der Jäeckelsgaass sträift am Nomëtteg eng Vëlosfuererin ee Verkéiersschëld a rennt widder eng Mauer. Déi blesséiert Persoun gëtt an d’Spidol bruecht.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | St | D’Kanner aus der “Maison Relais” iwwerreechen 1.285 Euro un de Schoulmeeschter Patrice Tiendrebeogo aus dem Burkina Faso fir den Ënnerhalt vun enger Schoul am Zentraldeel vum Land. Den Erléis setzt sech zesummen aus dem Verkaf vun der “Maison Relais”-Zeitung, vum Kuch zum Trimester-Enn a vu Wäffelcher um Owes-Maart.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | – | Den „Objectif 2001 Stengefort“ presentéiert „Stengefort news – Mäerz 2014“ um „Info-Kanal“ vun der Gemeng mat folgendem Programm: Kannerfuesball vum Athletico Stengefort, Personalfeier Spidol Stengefort, Brocante vum EDC Crystal Dart Hoen, Facebook: All in one – Bee Secure for parents an Inauguratioun vum Proxibus vun de Gemengen Garnech, Käerch a Stengefort.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | – |
Vun haut un a bis den 30. Mäerz dauert déi national Campagne “ouni Pestiziden”. Dës Campagne mécht de Bierger op déi schiedlech Auswierkunge vun de Pestiziden opmierksam a weist eis Alternativen dozou. |
![]() |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 20 | – | D’Chamber huet eng nei Form vun Petitioun virgestallt, déi sougenannte “Pétition publique”, eng Online-Petitioun, déi op hirer Internetsäit (www.chd.lu) gemaach ka ginn. D’Konditiounen: 15 Joer al muss e sinn, eng lëtzebuergesch Matricule hunn an d’Petitioun muss e generelles oder nationales Interessi vertrieden. Wann se dann um Chambersite steet, gëtt se vun de Politiker studéiert an ugeholl oder zréckgewisen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 21 | – | Um éischte richtegen Fréijoersdag bléist e staarke Wand mat vill Reen a maximal 12 Grad. Géint der Owend koum d’Sonn och nach heiansdo luussen.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 21 | St | Generalversammlung ëm 20.00 Auer vun de “Fëscherfrënn Stengefort 2010” am Kulturzenter “Al Schmelz”.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 22 | St | Weltwaasserdag. De “Fëscherclub Äischdall Stengefort” organiséiert haut a mar um Weier beim “Centre Roudemer” e lizenséiert Präisfëschen. Dernierft gëtt et Gegrilltes, Kaffi a Kuch a sécher och Waasser.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 22 | St | Bei “Kidis”, Moud vun 0 bis 16 Joer, gëtt haut a muer de Stock afgebaut an duerfir kritt ee Kleeder bis zu 70 % méi bëlleg.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 22 | Kb | Vu 14.00 Auer un ass am Musekssall een “Darts-Tournoi” (Eenzel-Tournoi, Double-Tournoi an 501-Double Tournoi). Nom Tournoi suergt den DJ Djails fir gutt Musek. Org.: Harmonie Klengbetten.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 22 | – | Géint 14.00 Auer gëtt den Asazzenter Stengefort op een Accident geruff, dat tëschent der Kräizerbuch a Sëll geschitt war. Déi dräi blesséiert Persoune ginn vun deenen zwou Stengeforter Ambulanzen an d’Spidol gefouert.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 22 | St | Am Restaurant “de Bräiläffel” halen d’”Wanderfalken Steinfort” ëm 18.00 Auer hir Generalversammlung of. Well gläichzäiteg och nach 40 Joer Wanderfalken gefeiert gëtt, ass dat mat engem Festiessen verbonnen. Während dem Iessen iwwerreechen d’Leit aus dem ale Komitee, déi aus Altersgrënn demissionéiert hunn, dräi Schecke vu je 2.000 Euro un d’”Fondation Recherche cancer et sang”, “SOS Kannerduerf” an un d’“Rahna – Muppen ënnerstëtzen Leit am Rollstull”. De Veräin “Wanderfalken Steinfort” lieft weider mat enger neier Equipe.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 23 | Kb | Zwëschent 09.00 an 13.00 Auer ass um Stellwierk zu Lëtzebuerg e Rechner ausgefall. Doduerch hunn eng Rei Zich Verspéidung kritt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 23 | Kb | De “Gaart an Heem Klengbetten” hält ëm 14.30 Auer am Restaurant “de Bräiläffel” seng Generalversammlung of. Gläichzäiteg ginn och 60 Joer “CTF Klengbetten” gefeiert. Virdrun awer gëtt nach vun 12.00 Auer un fir 30 Euro gutt giess (raviolis au saumon fumé, sorbet pomme au calvados, émincé de veau zurichois, glace vanille avec framboises tièdes).
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 24 | – | D’“CSV Stengefort“ kontaktéiert an informéiert d’Bierger mat hirem Blad „Op de Punkt“.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | – | D’Vereenegung „Aide aux enfants handicapés du Grand-Duché“ sammelt an onsen Uertschaften vun 08.00 Auer un al Kleeder a Schung an.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 25 | – |
D’“Raiffeisenkees“ deelt an der Groundschoul un d’Kanner een „Hello-Sëtz“ aus. |
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 26 | St | Generalversammlung ëm 20.00 Auer vun der “Entente des Sociétés de la Commune de Steinfort” am Kulturzenter “Al Schmelz”.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 27 | – | D’”enovos-Steinergy” informéiert d’Leit an hirer Illustréierter “Watt’s life” iwwert alles wat et Néis am Beräich Elektrizitéit gëtt.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 27 | – | Um Bezirksgeriicht Lëtzebuerg sinn d’Lëschtenummeren fir déi 9 Parteien, déi bei den Europawahlen op Stëmmejuegd ginn, gezunn ginn: Lëscht 1: LSAP, 2: DP, 3: CSV, 4: ADR, 5: déi gréng, 6: KPL, 7: déi Lénk, 8: PID, 9: Piratepartei.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | St | D’Schoulkanner aus dem Zyklus 4 versammele sech am Kulturzenter “Al Schmelz” a bestëmmen de Gewënner vum Virliesconcours 2014 aus de Stengeforter Schoulen. No dem Vote ass d’Anne-Marie Scheuer aus der Klass 4.2 vun der Joffer Marie-Jeanne Diederich déi bescht Virlieserin.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 28 | – | Um Pressebriefing vun der Regierung si mer vum Premier Xavier Bettel gewuer ginn, datt d’TVA den 01. Januar 2015 an Luucht geet an zwar de normale TVA-Saz vu 15 op 17 Prozent, den Zwëschegeschaltene vun 12 op 14 Prozent an de Nidderege vu 6 op 8 Prozent. De superreduzéierten TVA-Saz vun 3 Prozent bleiwt onverännert.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 29 | – | D’grouss Botz an der Gemeng ass fir haut vun 9.00 Auer un ugesot. Si steet ënnert dem Motto “Mit botzen – maach mat”. D’Benevoler kréien virdrun, während an zum Schluss vun der Botz eng Stäerkung.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 29 | – | Vun 9.00 bis 12.00 Auer zéien etlech Matbierger mam Pit Lacour vun der Käercher Pompstatioun aus duerch den “Herrenbusch” a léieren dem Bësch seng Fonktioune kënnen. Org.: Naturschutzzenter Mirador.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 29 | Kb | Ëm 15.00 Auer ass am Restaurant “de Bräiläffel” d’Generalversammlung vun der “FNCTTFEL-Sektioun Klengbetten-Mamer”.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 29 | St | Aus dem Police-Bulletin: An der Nuecht kritt ee Chauffeur zwëschen Stengefort an dem Wandhaff de Führerschäin eweggeholl well en ze déif an d’Glas gekuckt hat.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 30 | – | An der Nuecht geet d’Wanterzäit zu Enn an duerfir ginn d’Aueren ëm 2.00 Auer eng Stonn vir geréckelt (op 3.00 Auer) an domat fänkt d’Summerzäit hunn, déi bis de 25. Oktober 2014 dauert.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 30 | – |
|
Halleffaaschten oder „Bretzelsonndeg”. No der Traditioun schenkt de Mann haut senger Fra oder Partnerin eng “Bretzel”, e Gebäck a Form vu verwuerelten Äerm, an hofft datt hien Ouschtere vun hir een Ouschteree kritt. | |||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 30 | – |
D’”Stengeforter Deckelsmouken” (Scouten) fueren haut vun 9.00 bis 17.00 Auer duerch Gemeng a verkafen Toilettepabeier, wou 1/3 vum Erléis un d’ONGD-FNEL geet. Gëschter sinn déi Leit beliwwert ginn, déi es bestallt haten. |
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 30 | Ha | Vun 11.30 Auer un ass am Pompjeesbau d’Generalversammlung vum “Gaart an Heem Hoen”, déi mat engem Iessen ufänkt. De Sekretär Edy Thein gëtt aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun an a seng Plaz kënnt den Armand Lanners.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 30 | Kb | Am Musekssall ass vun 12.00 Auer un d’Fréijorsfest vun der “Amiperas Steinfort” mat engem gudden Iessen (crème de légumes, émincé an Taart). Duerno Animatioun a Musek.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 30 | – | Eng zwanzeg Léit, déi am “Hôpital Intercommunal de Steinfort” schaffen, huelen ënnert der Leedung vun der Mme Caroline Tibesar um “Relais pour la vie” an der Coque um Kirchbierg deel.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 30 | St | Aus dem Police-Bulletin: Am Laf vum Dag briechen Onbekannter an een Haus an der Klengbettenerstrooss an an huelen Bijouen a Boergeld mat.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 31 | St | Stengeforter Maart. Um Square General Patton an a senger Emgéigend fënd een zwëschen 8.00 a 12.00 Auer “Alles wat e brauch”.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 31 | St | Bis haut haten déi Studenten (15-27 Joer) Zäit fir hire Formulär op der Gemeng ofzeginn, déi gären an enger Vakanz e Gemengenjob hätten, sief et beim techneschen Déngscht, an der Schwämm, an der “Maison Relais” oder bei de Spillnomëtteger.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 31 | – | De Radio “DNR” hält haut op seng Programmer ze senden.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| 31 | St | D’Erneierung vun allen Haususchlëss an der Jennebiergstrooss si voll am Gaang.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | Kb | An der Generalversammlung vum “OGB-L Hoen-Klengbetten-Kohler-Grass” huet den OGB-L Generalsekretär, André Roeltgen, iwwert d’Europawahlen, d’TVA an den Index geschwat.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | Während der Generalversammlung vun der Vereenegung “Aide aux enfants handicapés du Grand-Duché” ass de Fernando Ribeiro vun Hoen fir zing Joer éierenamtlech Mataarbecht geéiert ginn.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | Virun 20 Joer sinn d’Uertschaften Stengefort a Klengbetten mat Trottoiren verbonne ginn.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
| – | – | D’Energiepräisschwankungen am Mount Mäerz (01-31):
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||

An der ARD Live-Sendung “EWG – Einer wird gewinnen” hëlt den Ausseminister Jean Asselborn als Kandidat fir Lëtzebuerg deel. Allerdéngs war hien no der éischter Ronn net méi derbäi.
D’”Fraen a Mammen Hoen-Klengbetten-Koler-Grass” halen ëm 14.00 Auer am Parsall hir Generalversammlung of an iwwerreechen den Erléis (4.000 Euro) vum Adventsfest 2013, dat se zesumme mam “Gaart an Heem Klengbetten” organiséiert haten, un d’”Kannerland Lampertsbierg”; 500 Euro hat d’”Stëmm vun der Strooss” schon iwwerwise kritt. Virdru gouf nach vun 12.00 Auer un fir 25 Euro gutt giess (jambon de porcelet en croûte, pommes de terre rissolées, légumes, salade, dessert, café).
“Steinjazz”. Am Kulturzenter “Al Schmelz” trëtt ëm 19.30 Auer um “Steinfort Jazz Festival”, dee vun der “BGL BNP Parisbas Bank” gesponsert gëtt, de “4SQuartet” (David Fettmann – Saxophone, Jerome Klein – Piano, Pol Belardi – Basse, Niels Engel – Batterie) op. Org.: Stengeforter Musek an d’Harmonie Klengbetten mat der Ënnerstëtzung vun der Commission des affaires culturelles de la commune de Steinfort.

Am Kulturzenter “Al Schmelz” iwwerreecht d’”Entente des Sociétés de la Commune de Steinfort” den Erléis (6.400 Euro) vum Chrëschtmaart 2013 un d’Vereenegung “Ile aux Clowns” (3.200 Euro) an un d’Vereenegung “Lux Rollers” (3.200 Euro).

Eestëmmeg gëtt am UN-Weltsécherheetsrot ënnert der lëtzebuergescher Presidentschaft (Jean Asselborn) eng Resolutioun ugeholl, déi vun der lëtzebuergescher Delegatioun ausgeschafft gi war. D’Resolutioun huet als Ziel bis 2016 de Rekrutement vu Kanner als Zaldoten a bewaffneten Konflikter duerch Regierungstruppen ze stoppen.
„Buergbrennen“. Ëm 19.30 Auer geet e Fakelzuch vun der Gemengeplaz (Square General Patton) op de Parking bei d’“Al Schmelz“ wou ëm 19.45 Auer d‘Buerg ugefaange gëtt. An engem gehëtzten Ënnerstand servéieren d’Stengeforter Guiden a Scouten St. Hubert / Ste Bernadette Zoppen, Gegrilltes a Gedrénks.
Duerch eng EU-Direktiv iwwert den Internethandel, Fernverkaf an de Schutz vun Daten, déi am Parlament ugeholl ginn ass, gëtt och d’Hauséieren (et muss een awer eng Handelsermächtegung hunn) hei am Land erlaabt.
Haut virun 25 Joer gouf de “WWW” (World Wide Web) duerch de briteschen Informatiker Tim Berners-Lee geschafe, deen d’Grondlag vum heitegen Internet ginn ass.
Den Ausseminister Jean Asselborn, President vum UN-Weltsécherheetsrot, kritiséiert op enger Sëtzung am Owend zu New York dat russescht Virgoen an der Ukrain an hofft, datt et nach net ze spéit ass fir eng friddlech Léisung ze fannen.
Ëm 20.00 Auer ass am Kulturzenter “Al Schmelz” d’Generalversammlung vum “Centre d’intervention Steinfort”. Duerno si verdéngschtvoll Memberen geéiert ginn: Jeff Fetler, Théo Wooning a Jean Hoffmann (vu 1949 bei de Pompjeeën derbäi).
Am Kulturzenter “Al Schmelz” stellen ëm 18.30 Auer d’”Frënn vun der Atertlinn a.s.b.l. Grass/Klengbetten” mam Auteur, dem Arthur Klein, d’Buch “Über 150 Jahre Eisenbahn in der Gemeinde Steinfort”, dat mat Hëllef vun der Gemeng Stengefort zu Stane komm ass, vir.

D’Kanner aus der “Maison Relais” iwwerreechen 1.285 Euro un de Schoulmeeschter Patrice Tiendrebeogo aus dem Burkina Faso fir den Ënnerhalt vun enger Schoul am Zentraldeel vum Land. Den Erléis setzt sech zesummen aus dem Verkaf vun der “Maison Relais”-Zeitung, vum Kuch zum Trimester-Enn a vu Wäffelcher um Owes-Maart.

D’Schoulkanner aus dem Zyklus 4 versammele sech am Kulturzenter “Al Schmelz” a bestëmmen de Gewënner vum Virliesconcours 2014 aus de Stengeforter Schoulen. No dem Vote ass d’Anne-Marie Scheuer aus der Klass 4.2 vun der Joffer Marie-Jeanne Diederich déi bescht Virlieserin.
D’grouss Botz an der Gemeng ass fir haut vun 9.00 Auer un ugesot. Si steet ënnert dem Motto “Mit botzen – maach mat”. D’Benevoler kréien virdrun, während an zum Schluss vun der Botz eng Stäerkung.
Eng zwanzeg Léit, déi am “Hôpital Intercommunal de Steinfort” schaffen, huelen ënnert der Leedung vun der Mme Caroline Tibesar um “Relais pour la vie” an der Coque um Kirchbierg deel.
Stengeforter Maart. Um Square General Patton an a senger Emgéigend fënd een zwëschen 8.00 a 12.00 Auer “Alles wat e brauch”.
D’Erneierung vun allen Haususchlëss an der Jennebiergstrooss si voll am Gaang.