August 2014

01  08 01 SEPA CODE Vun haut un muss am Euroraum déi nei europäesch Bezuelmethod, d‘SEPA (Single Euro Payments Area), ugewannt ginn, d.h. d’Iwwerweisungen, d’Avis-de-débiten an d’Bezuele mat der Kaart muss mat der internationaler Bankkontosnummer gemaach ginn. 

 

01 Kb An deenen engen Informatiounskëschten steet, datt de Garer-Guichet de ganze Juli zou ass an an aneren datt en zou bleiwt bis een aner Bescheed kéim. Dës lescht Informatioun entsprecht der Realitéit.

 

 

01 D’”SuperDrecksKëscht” sammelt vun 08.30 bis 12.00 Auer de Sondermüll an den Uertschaften an a vun 09.00 bis 17.00 Auer op der Parkplaz vum Kulturzenter “Al Schmelz”.Op hirem Flyer gëtt Thema „Clever akafen – wäschen a botzen ouni ze verknaschten“ behandelt.

 

 

01
02
 08 01 Ulflingen1. Weltkrich. Virun honnert Joer sinn zu Elwen déi éischt däitsch Zaldoten an d’Land erakomm an hunn ugefang d’Land ze besetzen. Vir dorun ze erënneren huerelen den 2/10 vun 14.58 bis 15.00 Auer d’Sirenen am ganze Land.

 

 

02
03
St 08 02 Amarsch

Den 1. Weltkrich fängt fir eis Gemeng un. Préisesch Truppen zéien duerch d‘Uertschaft a Richtung Westen.

 

 

02 St Vun haut un ass eng zweet haaptberuflech Asazkraaft am Asazzenter Stengefort fir déi Fräiwëlleg am Dag ze ënnerstëtzen.

 

 

02 Den „Objectif 2001 Stengefort“ presentéiert „Stengefort news – August 2014“ op dem Sender „.dok den oppene kanal“ (d’Zäiten fënd een an de Programmzäitschrëften) an um „Info-Kanal“ vun der Gemeng mat folgendem Programm: De Sturm an der Gemeng, Pétanque-Tournéier, 120 Joer Klengbettener Musek, Beach-Volleyball Stengefort, Fotosausstellung vum Syndicat d’Initiative a 6ten Stengeforter Owesmaart.

 

 

02 St 08 02 Vintage 108 02 Vintage 2

D‘“Vintage Cars & Bikes“ gëtt haut a muer am a rondërem de „Centre Roudemer“ vun der „Entente des Sociétés de la Commune de Steinfort“ a Kollaboratioun mat dem Asazzenter Stengefort an dem Jugendclub Hoen/Klengbetten organiséiert. Dëst ass eng „Expo/Bourse“ mat Motoen, Trakteren an Gefierer déi virun 1980 gebaut gi waren. Hei kritt een och Literatur an Ersatzstécker an allen Zorten.

 

 

04 St Vun haut un a bis de 14. August bleiwt d‘“Maison Relais“ a bis den 18. August d’“Jugendhaus Stengefort/Käerch“ wéinst Vakanz zou.

 

 

05 Virun 100 Joer (05.08.1914) ass zu Cleveland (USA) déi éischt elektresch „rout Luucht“ a Betrib geholl ginn. Hei am Land huet et bis an Joer 1951 gedauert.

 

 

06 Ha Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres an der Randlingerstrooss.

 

 

07 St Puppelcher- a kleng Kannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 09.00 bis 11.30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”.

 

 

07 Aus dem Police-Bulletin: Vun der N6 ass géint 17.20 Auer een Trakter a Richtung Hoen gefuer. An der Kéier huet den Trakterschauffer d’Kontroll verluer an ass op d’Säit gekippt. De verletzte Chauffer gouf an d’Spidol gefouert.

 

 

07 St Am “Luxemburger Wort” gi mer gewuer, ob d’Memberen vun der Regierung finanziell un Entreprisen bedeelegt sinn oder ob se Wäertpabeieren hunn. Den Ausseminister Jean Asselborn ass weder dat eent nach huet en dat anert.

 

 

09 St Ukënnegung vun der Police: Vitessekontroll mueres an der Lëtzebuergerstrooss.

 

 

09 St 08 09 Beachvolleyball

Beachvolleyball-Tournoi um Beachvolleyballterrain vum „Volleyball Steinfort“.

 

 

09  

De Vélosprofi, Laurent Didier, bestuet sech haut zu Schuller an der Kierch mat engem Hoener Meedchen, dem Carole Frisch.

 08 09 Didier

 

10 St Am „Centre Roudemer“ organiséiert d‘“Société Avicole Steinfort“ vun 08.00 bis 18.30 Auer e Grillfest (Spézialitéiten vum Grill oder Kanéngercherspaschtéit), Floumaart an Thé Dansant.

 

 

11 St Aujourd’hui est le dernier jour :- pour prendre connaissance du rapport sur les incidences environnementales dans le cadre du projet de modification ponctuelle du Plan d’Aménagement Général (PAG) de la commune de Steinfort sur des fonds sis aux lieudits “A Backent” et “Sauerträisch”, section B de Hagen- pour présenter par le biais du support électronique ou par écrit au collège des bourgmestre et échevins des observations et objections contre le projet.

 

12 08 12 Reen

Déi lescht Wochen hate mer Reen, Donnerwiederen a Sturm amplaz vu Sonn. Dëst Wieder ass dem Hurrikan „Bertha“ seng Schold.

 

 

14 Kb Ëm 20.00 Auer ass eng Massfeier mat uschléissender Prëssioun op Hoen bei d‘Muttergottesgrott.

 

 

15 St 08 15 Wësch

Op Léiffrawëschdag gëtt während der Mass de Wësch geseent.

 

 

15 St 08 15 Kolla festival

Haut, muer an iwwermuer ass hannert dem „Mirador“ de „Kolla Festival“. Hei gëtt e Beispill fir eng Alternativ zur Konsum- an Ewechgeheigesellschaft gesat. Org.: ASBL Grénge Kolla Konsum.

 

 

15 St De „Club de Pétanque A Rifat“ organiséiert vun 10.00 bis 20.00 Auer een „Tournoi de pétanque“ beim Kulturzenter „Al Schmelz“.

 

 

16 Prévention routière de la Police Grand-Ducale : la campagne d’août (16 au 24 août) cible à priori la vitesse exagérée et non adaptée à l’intérieur des agglomérations.

 

 

18 Kb 08 18 Parking KB

Vun haut un a bis den 15. September ass een Deel vum Parking bei der Gare zou. Duerfir kënnen d’Passagéier beim neie Stellwierk vill nei (+/- 70) Parkplaze benotzen.De Bus-Arrêt ass och an de Rondel bei der Gare verluegt ginn.

 

 

18 St Aus dem Police-Bulletin: Een Onbekannter brécht zwëschent 19.00 Auer gëscht an 08.30 Auer haut verschidden Dieren vun der Kierch op. Duerno duerchsicht hien sämtlech Schief, klaut awer näischt.

 

 

19 D’Jugendhaus Stengefort/Käerch bitt regional Aktivitéiten un: Schwämm (19.08), Klammen an der Hal (20.08), Stad Lëtzebuerg a Minigolf (21.08), Kayak (22.08) a Schueberfouer (23.08).

 

 

19  08 19 Daguerre  

Virun 175 Joer (1839) huet de franséische Staat der Mënschheet d’Fotografie geschenkt. Virdrun hat hien dem Erfinder, dem Louis Jacques Mandé Daguerre (1787-1851) d’Rechter vum Verfahren ofkaf.

20 Aus dem Police- a CIST-Bulletin: Op der Autobunn huet ëm 14.00 Auer e Camion zwëschent dem Wandhaff a Mamer, deem säi viischte Pneu geplatzt war, d‘Kontroll verluer an een Auto, den grad am Gaang war ze iwwerhuelen, op d‘Kaliforneschmauer gedréckt. Op d‘Onglécksplaz ass den Asazzenter Stengefort geruff ginn an hir zwou Ambulanzen huet Famill aus dem Auto (zwee Erwuessener an zwee kleng Kanner) mat liichte Verletzungen an d’Spidol gefouert.Zwee Memberen vum Asazzenter Stengefort, déi zoufälleg vir an hannert dem Accident waren, hunn éischt Hëllef geleescht bis déi aner do waren.

 

 

20 Kb 08 20 Fanfare KB

Virun 120 Joer ass ee Veräin ënnert dem Numm „Musik-, Gesang- und Feuerwehr-Verein“ gegrënnt ginn, den Urspronk vun der Klengbettener Musek.

 

 

20 Ha  08 19 Ice Bucket  

D’Internetaktioun „Ice Bucket Challenge“ ass och hei am Land ukomm. Dat „Sozial-Media-Féiwer“ huet de Sammy Wagner, President vun de Jonksozialisten, als éischte gepaakt an duerfir huet hien op Facebook e Video gestallt wou hien sech een Eemer mat Eiswaasser iwwert de Kapp schëtt an domat dräi Aner erausfuedert datselwecht ze maachen (Ben Olinger, Mars Di Bartolomeo a Xavier Bettel) oder Suen ze spenden fir déi seele Krankheet „Amyotrophe Lateralsklerose“ (ALS).

21 St Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres an der Lëtzebuergerstrooss.

 

 

21 St Puppelcher- a kleng Kannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 09.00 bis 11.30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”.

 

 

21 St Am „Hôpital Intercommunal de Steinfort“ mécht d‘“Amicale de la maison de soins Steinfort“ e Kaffiskränzchen fir déi Patientinnen an Patienten déi am Juli an August Gebuertsdag haten.

 

 

21 St La « Biocentrale Steinfort S.A. » sollicite auprès de la commune l’autorisation pour l’exploitation d’une usine de cogénération à Steinfort (N° dossier : 1/2014/0044/147). Toute réclamation contre ledit objet d’établissement classé doit être adressée par écrit au collège des bourgmestre et échevins jusqu’au aujourd’hui.

 

 

22 Haut fänkt d‘„Schueberfouer“ un an duerfir fiirt de „Late Night Bus 222“ bis den 10. September och vu Sonndes bis Donneschdes, lescht Réckfaart ëm 01.00 Auer. Freides a Samschdes fiirt de „Late Night Bus“ wéi ëmmer bis 03.00 Auer.

 

 

23 Am Kader vun “En Dag an der Natur” mécht den Erny Drouet de Mëtteg vu 14.00 bis 17.00 Auer eng geschichtlech Féierung iwwert d’Abtei Clairefontaine. Org.: Naturschutzzenter Mirador Steinfort.

 

 

23 St Vun haut un a bis den 30. August (Final) dauert den éischten “Kirsch-Open U14” Tournoi, dee vum “Tennis Club Steinfort” organiséiert ass.

 

 

24 Ha Aus dem Police-Bulletin: An der Stengeforterstrooss huet een Automobilist wéinst zer héijer Vitesse a well en ze vill Alkohol gedronk hat, d’Kontroll verluer a lannt an enger Mauer. Virdrun hat hien awer nach e Stroosseschëld matewech geholl. Zwou Persoune ginn dobäi liicht verletzt a vum Asazzenter Stengefort an d’Spidol gefouert. De Chauffer huet awer virdrun der Police musse säi Führerschäin do lossen.

 

 

24 08 24 FCSPORTING

Ufank vun der Foussballssaison 2014/2015 (bis den 23.05.2015) fir d’ 1. Division 1. Bezirk an där de Stengeforter Veräin spillt.

 

 

25 St Stengeforter Maart. Um Square General Patton an a senger Emgéigend fënd een zwëschent 08.00 a 12.00 Auer “Alles wat e brauch”.

 

 

25 St Am Käercherwee, zwëschent den Haiser 1a a 37, leet d’Firma Klein fir d’Post Kabelen an dofir ass Strooss bis op weideres gespaart.

 

 

26 Ha Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres an der „rue Principale“.

 

 

26 08 26 Schouberfouer

Haut ass op der Schueberfouer de “Buergermeeschterdag”. An esou gëtt d’Restaurant’s Personal vun enger ganzer Rei Buergermeeschteren aus dem Land beim d’Servéieren ënnerstëtzt. Eise Buergermeeschter, de Jean-Marie Wirth, ass am Restaurant “La Sapinière” am Asaz. De Loun, den si all kréien, spenden si dem “Roude Kräiz”.

 

 

26 Aus dem Police- a CIST-Bulletin: Kuerz virun 08.00 Auer huet eng Automobilistin zwëschent der Gaichel an der Kräizerbuch d’Kontroll verluer an ass an e Bam gerannt. Doropshin huet den Auto sech iwwerschloen an ass um Dach leie bliwwen. Déi liicht verletzte Persoun gouf an d’Spidol gefouert. Op der Plaz ass den Asazzenter Stengefort.

 

 

28 St Aus dem CIST-Bulletin: Kuerz viru Mëtteg gouf den Asazzenter Stengefort vun engem Awunner op de Camping geruff, well schwaarz Dampwolleken vun do ze gesi sinn. Op der Plaz ukomm, hunn d’Pompjeeën du festgestallt, datt een, deen um Camping wunnt, am Gaang war seng Roullote ze verbrennen an och net wollt, datt d’Feier soll ausgemaach ginn. D’Police huet sech ageschalt a gesot, datt d’Feier muss geläscht ginn, wat dunn och geschitt ass.

 

 

29 St 08 29 Babysitting

Déi Jugendlech, déi den “Baby-Sittung”-Cours wëlle maachen, musse bis haut den Formular fir sech unzemellen bei der Gemeng ofginn hunn.

 

 

29 D’Gemengeverwaltung huet haut den „de Schoulbuet N° 09“ erausginn an deem e nëtzlech Informatioune fir d’Schouljoer 2014/2015 fënd.

 

 

29 An der Newsletter N° 03 vum „SIDERO“ (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’ouest) gëtt vum Erfollegsmodell „Sidero“ geschwat an déi verschidde Beruffer bei hinne gi virgestallt.

 

 

29 St Bis den 20. September 2014 leeft bei “Kidis”, Moud vun 0 bis 16 Joer,  (11, Lëtzebuergerstrooss) eng “Action Rentrée Scolaire” (-15%).

 

 

30 St Vun haut un a bis den 06. September (Final) dauert déi 7. Editioun vum “Steinfort Tennis Europe Junior Open U16”, déi vum “Tennis Club Steinfort” organiséiert ass.

 

 

St De Restaurant „New Point“ an der Lëtzebuergerstrooss huet seng Dier fir ëmmer zou gemaach.

 

 

Kb 08 99 Eisebunn

Dëser Deeg gi mer a verschiddenen Dageszeitunge gewuer, datt an Zuchstreck Lëtzebuerg-Klengbetten méi wéi 100 Milliounen Euro an deenen nächste Joren investéiert gëtt.

 

 

Kb D’Aarbechten vum „SIDERO“ fir e neie Opfänkbaseng hunn ugefang.

 

 

D’Energiepräisschwankungen am Mount August (01-31):

Datum

Super 95

Super 98

Diesel

Masutt 10 ppm

Masutt 1000 ppm

LPG

05.08

1,321

1,368

1,190

0,758

0,741

0,575

07.08

1,303

1,350

1,190

0,758

0,741

0,575

16.08

1,303

1,350

1,190

0,758

0,741

0,554

20.08

1,303

1,350

1,173

0,744

0,725

0,554

26.08

1,318

1,367

1,173

0,744

0,725

0,554

29.08

1,318

1,367

1,187

0,758

0,739

0,554