September 2014

01  

Vun haut un mussen d’Stëbssuckeler een EU-Energielabel hunn a gläichzäiteg däerf kengem seng Leeschtung iwwer 1600 W leien.

 09 01 Staubsauger

 

01 Kb Ukënnegung vun der Polizei: Vitessekontroll mueres am Sterpenicherwee.

 

 

01 St  09 01 Zaltimbanq

Bis de 05. September kann een an der Sportshal mat der Zirkusschoul “Zaltimbanq” Zirkustechnike léieren. Als Ofschloss gëtt eng Show ofgehalen. Org.: Bei den Maisercher.

 

 

01 St  09 01 La Petite Marmite

D’Haus mam Restaurant “La Petite Marmite” an der Aarelerstroos, dat engem Appartementshaus muss wäichen, gëtt dëser Deeg ofgerappt.

 

 

01 De Bildungsministär organiséiert bis den 12. September Nohëllefstonnen fir d’Noexamen, déi an alle Schoulen de 15. September geschriwwe ginn.

 

 

01 St  09 01 Volleyball

 

 

 

 

 

 

 

 

D’Damen vum “Stengeforter Volleyball” kréien an der Persoun vum Aurel Vlaicu (Rumän) e neien Trainer. Hie bekëmmert sech och nach ëm d’Jugend.

02 Den Ausseminister Jean Asselborn äntwert haut dem “Tageblatt” an engem Interview op Froen iwwert den europäesche Wirtschaftswuesstem.

 

 

02 D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch stellt e “Plan national cancer” vir, deen d’Zuel vun de neie Kriebskranke soll reduzéieren an d’Behandlungsmethode verbesseren.

 

 

04 St  09 04 Amiperas

D’”Amiperas Stengefort” fiert op d’Schuerberfouer bei d’”Henriette” iessen, trëppelt iwwert d’Fouer a besicht duerno d’”Air Rescue” um Findel.

 

 

04 St Puppelcher- a kleng Kannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 09.00 bis 11.30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”.

 

 

04 D’Europäesch Zentralbank (EZB) senkt de Leetzëns op eng nei Rekorddéift vun 0,05 Prozent. Am Juni war hien eréischt op 0,15 Prozent gesenkt ginn.

 

 

05 Den Ausseminister Jean Asselborn huet am “Deutschlandfunk” gesot, datt d’Reaktioun vun der NATO am Ukrain-Konflikt misst éierbar sinn; et däerft net mam Weltfridde gespillt ginn.

 

 

05 St  09 05 Klimawandel

 

 

 

Ëm 19.15 Auer ass am “Centre Roudemer” de Vernissage vun der Ausstellung “Wir alle sind Zeugen – Menschen im Klimawandel”, déi vun der Gemeng organiséiert gëtt, vun der “ASTM” (Action Solidarité Tiers Monde) realiséiert ginn ass a déi vun der Europäescher Unioun cofinanzéiert gëtt.

D’Ausstellung ass op:

– de 06.09 vu 17.00 bis 22.00 Auer

– de 07.09 vun 10.00 bis 18.00 Auer an

– de 14.09 vun 08.00 bis 19.00 Auer.

05 Den „Objectif 2001 Stengefort“ presentéiert „Stengefort news – September 2014“ op dem Sender „.dok den oppene kanal“ (d’Zäiten fënd een an de Programmzäitschrëften) an um „Info-Kanal“ vun der Gemeng mat folgendem Programm: Kiermes zu Stengefort, 2ten Beach-Volley-Ball Tournéier, Fête des voisins um Kohlerbierg, Schmelz Kultur 2014 (Aicha de Tombouctou, Slixs in Concert, Clown Laia Sanmartin, The Shanes) a Vintage Cars & Bikes.

 

05  

Aus dem Police- an CIST-Bulletin: Géint 17.00 Auer verléiert e Chauffer zwëschent Äischen a Stengefort d’Kontroll a rennt an e Bam, gëtt op d’Säit gehäit a rutscht an een zweete Bam. Dëst huet zur Folleg, datt den Auto duerch d’Loft flitt an op der anerer Stroossesäit um Dach leie bleiwt. Autosstécker huet een iwwerall fond. Den Asazzenter Stengefort huet déi zwee schwéier Blesséierter mat hiren zwou Ambulanzen an d’Spidol gefouert.

 09 06 Accident Eischen 1

 

06 St Wéinst der semestrieller Revisioun bleiwt d’Schwämm bis de 15. September 2014 zou.

 

06 St  09 06 Weier 1

„En Dag um Weier“ beim „Centre Roudemer“.

Samschdes (06.09):

Ëm 18.30 Auer offiziell Ouverture an vun do u kënnen d’Leit bis spéit an Nuecht bei den Handwierks- a Kënschtlerstänn ronderëm de Weier hir Geschäfter maachen.

Ëm 19.00 Auer spillt “The Northern Big Band” e Concert. Duerno ass ëm 21.30 Auer eng “Light- a Lasershow” mat Lampione, déi vun de Kanner (4 an 12 Joer) aus der “Maison Relais Stengefort” realiséiert gi sinn. Fir z‘iessen gëtt et Chili con Carne, Gegrills an Eisekuchen.

09 06 Weier 2

 

Sonndes (07.09):

Vun 11.30 Auer u kënnen d’Leit bei den Handwierks- a Kënschtlerstänn ronderëm de Weier hir Geschäfter maachen oder dem Concert vun der „Bissener Musek“ nolauschteren. Duerno Mëttegiessen mat gebake Fësch, Schnitzelen oder Gegrills an als Dessert Eisekuchen. Am Nomëtteg Optrëtter vun den „LuxKrainers“ an dem Ensembel “Saxitude“.

Attraktiounen: Modellbooter a Päerdskutsch.

Org.: Harmonie Klengbetten a d‘Gemeng Stengefort.

09 06 Weier 3

 

 

07 Traktertreffen zu Kéinzig. An eisen Dierfer kann een Trakteren gesinn, déi dohi gefouert ginn, oder héieren, déi mat Gedäisch dohi fueren oder ërem zeréckkommen.

 

 

08 Am UN-Sécherheetsrot, wou eng Debatt iwwert d’Kanner a Konfliktsituatiounen ass, gëtt Lëtzebuerg fir säin Engagement geluewt an den Ausseminister Jean Asselborn schwätzt do iwwer déi aktuell Situatioun.

 

 

09 Viru 70 Joer (09.09.1944) huet d’US-Arméi Lëtzebuerg befreit. Den 2. Weltkrich war awer domat nach net eriwwer.

 

 

10 No 07.00 Auer (07.20 Auer zu Stengefort (Caisse Rurale), 07.25 Auer zu Hoen (Kierch), 07.30 Auer zu Klengbetten (Schoul)) maachen déi Gleeweg eng Diozesan-Pilgerfahrt op Banneux bei Jongfra vun den Aarmen, déi vun der Diözese Lëtzebuerg organiséiert ass. D’Wallfaart steet ënnert dem Motto: Wonnerschéin – d’Schéinheet vun onsem Glawen.

An der grousser Kierch zu Banneux kann een ëm 10.30 Auer beichte goen an eng feierlech Konzelebratioun mam H. Äerzbëschof verfollegen. Nom Mëttegiessen am Restaurant Esplanade ass ëm 14.15 Auer e Kräizwee an ëm 15.30 Auer eng Sakramentsandacht a Krankeseenung. D’Réckfaart ass géint 17.15 Auer.

Op Initiativ vun der “Amicale de la maison de soins Steinfort“ huelen   d’Pensionnären vum „Hôpital Intercommunal de Steinfort“ och un der Wallfaart deel.

 

 

10 Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker stellt zu Bréissel säin Team a seng Resortverdeelung vir. Wéi hie sot, wëll hien aus der Verwaltungsadministratioun eng Art europäesch Regierung maachen.

 

 

11 Ha Bis haut haten d’Bierger Zäit fir schrëftlech hir Bemierkungen an Objektiounen iwwert de PAP (Projet d’Aménagement Particulier) an der “Cité Op Eechelter” (Scholtesfeld) zu Hoen ze maachen, deen den Etudebüro Architecture + aménagement S.A. fir d’Société Parc Steinfort S.A. bei der Gemeng agereecht hat.

 

 

11 De Bildungsminister Claude Meisch huet op enger Pressekonferenz seng Schoulreform virgestallt. An do konnt een eraushéieren, datt de Wäerteunterrecht kënnt awer datt dat nach net vir haut a muer ass.

 

 

11 Aus enger Studie vun der STATEC geet ervir, datt zing Prozent vun de Stéit déi läscht fënnef Joer Besuch vun Abriecher haten a bei weideren fënnef Prozent war een Abroch probéiert ginn. An duerfir fäerten elo 34 Prozent vun de Leit hei am Land, datt bei hinnen agebrach gëtt.

 

 

12 Aus dem Police- an CIST-Bulletin: Géint 17.00 Auer knuppen tëschent Kohler an Héiweng zwéin Autoen frontal zesummen. Den Asazzenter Stengefort gëtt op den Accident geruff a féiert eng Persoun, déi liicht blesséiert ass, an d’Spidol.

 

 

12 St Am Kader vun der Ausstellung “Wir alle sind Zeugen – Menschen im Klimawandel” ass ëm 19.15 Auer am Kulturzenter “Al Schmelz” eng Filmvirféierung mat dem Titel “Home”, een Dokumentaire vun 90 Minuten vum Yann Artus Bertrand. Duerno fënd een Debat mam Dietmar Mirkes vun der “ASTM” statt.

 

 

13 St Vu que datt d’Gemeng am Juli eng “Fairtrade-Gemeng” ginn ass, ginn elo Leit vun all Alter a Boren gesicht, déi dës Iddi op all de Niveauen vun der Gemeng begleede sollen.

 

 

14 St Computer FlouMaart am „Centre Culturel Al Schmelz“ vun 09.00 bis 12.00 Auer. Org.: Master Computer Club Luxembourg.

 

 

14 St D‘“Wanderfalken Steinfort“ organiséieren een internationalen IVV-Trëppeltour. Ze trëppele sinn 6, 12 (07.00-14.00 Auer) oder 20 (07.00-12.00 Auer) Kilometer. Den Depart an d‘Arrivée si bei „Centre Roudemer“.

 

 

15 St D’Police kontrolléiert mueres bei der Schoul am Klengbettenerwee d’Vitesse.

 

 

15  09 15 Neugebauer

De Schoultransport ass säit 1983 mat engem, duerno mat zwee Bussen vum “Garage Neugebauer” gemaach ginn. Haut hält dës Aera op, well vun haut u mécht den “Demy Cars” mat deene Bussen de Schoultransport.

 

 

15 D’Schouljoer 2014/2015 fänkt haut um 08.00 Auer un a Schoul ass de ganzen Dag.

Och dëst Schouljoer offréiert d’Stengeforter Groudschoul ërem Uebst an dat nom EU-Motto “Fruit for School / Uebst ass cool” a well d’Sammelen vu Plastiksstëpp, déi d’”Association ASA” kritt, esou een Erfolleg (600 Kilo) am Schouljoer 2013/2014 war, gëtt des Aktioun dëst Joer weidergefouert.

 

 

15 St Ëm 10.00 Auer ass an der Gemeng eng Komiteesversammlung vum “ZARO”. Op der Lee stinn: Informatiounen, Courrier, Zoustëmmung vun der Versammlung vum 19.03.2014, Zoustëmmung fir eng “ligne de crédit” a Verschiddenes.

 

 

15 Gr  09 15 Spuetestéch ZARO

Den éischte Spuetestéch vun der neier Gewerbezon “ZARO” (Zone d’Activités de la Région Ouest) (28,1 Hektar) gëtt a Presenz vun de Staatssekretären Camille Gira a Francine Closener an dem Stengeforter Buergermeeschter Jean-Marie Wirth gemaach.

 

 

15 Kb Op dem ale Parking bei der Gare fänkt déi zweet Phase vun den Aarbechten un.

 

 

15 St Den „Athletico Steinfort“ hält vun haut un „Zumba Fitness“ vun 20.00 bis 21.00 Auer mam Nathalie Marx of.

 

 

16 Fir d’Septima-Klasse fänkt e neit Liewesstéck un, well haut ass hiren éischten Dag an der “grousser” Schoul a si sinn vun elo un erëm déi Kleng.

 

 

16 St D’”Amiperas Stengefort” organiséiert vu 15.00 Auer un an der “Porte Ouverte” eng Grill-Party.

 

 

16 Bis den 22. September ass d’europäesch Woch vun der Mobilitéit an hire Slogan dëst Joer ass: “Eis Stroossen, eise choix”. Virun der Press huet de Minister Bausch gemengt een Emdenken wier ugesot, mee ouni Auto giff et an der nächster Zukunft nach net goen. Ouff, hate mer nach eng Kéier Chance, datt “Ponts et Chaussées” eis Autospneuen net muss duerchschneiden oder asammele kommen.

 

 

16 De Minister Etienne Schneider presentéiert déi nei Policespëtzt, déi net virum 01. Mäerz 2015 hir Aarbecht unfänkt:

– Generaldirekter: Philippe Schrantz
– säi Ramplassang: Donat Donven
– Chef vun der Kriminalpolice: Jeff Neuens
– Leedung vun der Generalinspektioun: Monique Stirn.

 

 

16 St  09 16 Expo SIT

An der Mezzanine vum Kulturzenter “Al Schmelz” ass zënter der “Schmelz Kultur 2014” (18.07. bis 27.07.2014) d’Fotosausstellung vum “Syndicat d’Initiative Stengefort” iwwert den 1. Weltkrich verschwonnen. Bis elo war et esou, datt een no “senger eegener” Manifestatioun de Sall erëm an den Zoustand versat huet wéi een e virfonnt huet.  Anscheinend hunn d’Gebräicher an d’Manéieren hei geännert!

 

 

17 An de „grousse“ Schoulen fänkt haut och ërem den Alldag un. Vun elo un heescht et dem Professer nees nolauschteren.

 

 

17 St  09 17 Accident

 

 

 

Aus dem Police-Bulletin: Eng 61 Joer al Äischener Awunnerin huet géint 08.50 Auer zwësche Stengefort a Käerch hiert Liewe verluer wéi hiren Auto an enger Lénkskéier an de Summerwee geréit, ee Schëld sträift an du frontal an e Bam rennt. Doropshin huet den Auto Feier gefaang. Den Asazzenter Stengefort ass op d’Plaz vum Accident geruff ginn.

18 St A l’occasion de la visite de Leurs Altesses Royales, le Grand-Duc Héritier et la Grande-Duchesse Héritière, les bureaux de l’administration communale sont fermés cet après-midi.
En cas d’urgence, il y a lieu d’appeler les numéros de téléphone de la
permanence, à savoir le 399313–554 pour les urgences État Civil et le 399313–555 pour les urgences techniques.

 

 

18 St  09 18 Visite GD 1

09 18 Visite GD B

Leurs Altesses Royales, le Grand-Duc Héritier et la Grande-Duchesse Héritière visitent aujourd’hui la commune de Steinfort et ceci dans le cadre d’un programme de visites, comportant les quinze centres de développement et d’attraction des six régions d’aménagement du territoire.

Le programme de la visite :

– à 14.00 heures : Rassemblement des habitants et arrivée des invités au Square General Patton devant la maison communale à Steinfort

– à 14.30 heures : Arrivée du Grand-Duc Héritier et de la Grande-Duchesse Héritière au Square General Patton. La « Stengeforter Musek » et l’« Harmonie Kleinbettingen » jouent le « Wilhelmus ». Le bourgmestre, Jean-Marie Wirth, leurs souhaite la bienvenue et un bouquet et des cadeaux leurs sont remis. Les enfants de la « Maison Relais » font ensuite une petite présentation (accessible au public).

09 18 Visite GD A

Ensuite la Commune de Steinfort leurs est présentée dans la maison communale et le livre d’or de la Commune de Steinfort est signé (non accessible au public).

– à 15.10 heures : Visite de l’Hôpital Intercommunal (non accessible au public)

09 18 Visite GD C

– à 15.40 heures : Près du Centre d’Intervention Steinfort, les jeunes pompiers montrent un petit exercice (accessible au public)

09 18 Visite GD D

– à 15.55 heures : Visite du Centre d’Accueil « Mirador » (non accessible au public)

– à 16.25 heures : Au centre culturel « Al Schmelz » une courte présentation de l’ancien site sidérurgique et du « Stauweier » est faite par Erny Drouet et un vin d’honneur est offert ensuite par la commune (accessible au public).

– à 17.00 heures : Départ du Grand-Duc Héritier et de la Grande-Duchesse Héritière. La « Stengeforter Musek » et l’« Harmonie Kleinbettingen » jouent le « Wilhelmus » (accessible au public).

 

 

18 St Reprise des cours suivants au hall omnisports, organisés par l’« Athletico Steinfort » :

– « Mini-débutantes » (filles à partir de 4 ans), chaque jeudi entre 17.00 et 18.30 heures et chaque samedi entre 13.30 et 15.00 heures. Prix septembre-décembre 2014 : 35,00 €

– « Juniors-débutantes » (filles 12-14 ans), chaque jeudi/lundi entre 18.00 et 20.00 heures. Prix septembre-décembre 2014 : 40,00 €

– « Seniors-débutantes » (adolescentes à partir de 14 ans), chaque jeudi/lundi entre 18.00 et 20.00 heures. Prix septembre-décembre 2014 : 40,00 €.

 

 

19 St « Fit 50 ». Reprise des cours d’éducation physique pour tous (gymnastique, jeux collectifs, danses pour seniors, gymnastique pour la colonne vertébrale) sous la responsabilité de Monique Kieffer-Simon chaque vendredi entre 16.00 et 17.00 heures au hall omnisports. Prix : 25,00 € par trimestre. Org. : Commission du 3ème âge de la commune de Steinfort.

 

 

19 St Reprise des cours au hall omnisports pour les « Juniors-débutantes » (filles 9-11 ans), chaque vendredi/lundi entre 18.00 et 20.00 heures. Prix septembre-décembre 2014 : 40,00 €. Org. : Athletico Steinfort.

 

 

19 Kb Am Kader vun der Ausstellung “Wir alle sind Zeugen – Menschen im Klimawandel” ass ëm 19.15 Auer am “Hisbec” eng Konferenz mam Robert Leven. Den Titel: “Le changement climatique, c’est quoi?”. Duerno ass mam Konferenzier een Debat.

 

 

19 Geplangten a genehmegt Bauprojeten gi vum d’Verwaltungsgeriicht gestoppt, well se géint déi nei sektoriell Leitpläng vun der Regierung verstoussen. Iwwergangsregelungen sinn an der aktueller Gesetzgebung iwwert Landesplanung net virgesinn, obschonns d’Regierung vun alle Säiten gewarnt gi war.

 

 

20 „40. Aktioun Aalt Gezei”. D’“Kolpingwierk Lëtzebuerg“ an d‘“Jongenheem-CIRP“ sammelen vun 08.00 Auer un dat aalt Gezei, wat nach ze gebrauchen ass, bei eiser Hausdier an.

 

 

20 St Bei der 09. Editioun vun de “Journées Portes Ouvertes Luxembourgeoises”, déi vun de lëtzebuergeschen Entreprisen organiséiert ginn, mécht haut a muer den “am Wäikeller” an d’“Chocolaterie Génaveh” vu Stengefort mat.

 

 

20 St Reprise des cours au hall omnisports de « Maman/Papa/Bébé » (enfants 1-4 ans), chaque samedi entre 10.00 et 12.00 heures. Prix septembre-décembre 2014 : 27,00 € par enfant, 8,00 € par parent ou 10,00 € maman et papa. Org. : Athletico Steinfort.

 

 

20 St Am „Centre Roudemer“ ass e Festival organiséiert vum „Grupo Danças et Cantares Aldeias de Portugal“.

 

 

20 D’Douanes- an d’Akziseverwaltung warnen d’Leit virun dem organiséierte Bedruch. Ier een enger Firma, déi e net kënnt een Opdrag gëtt, soll e sech vergewësseren, datt se eng Handelsermächtegung an eng TVA’s Nummer huet. Och soll een ëmmer vun esou enger Firma eng Rechnung froen an ni bor bezuelen.

 

 

22 Kb  09 22 Toilette am Schoulhaff

Fir datt an der Paus keng Zäit verluer geet, kënnen d’Schüler elo eng Toilette am Haff benotzen. Soll se besat sinn, da kënnen déi mitt Schoulkanner op enger neier Bänk waarden bis se un d’Rei kommen.

 

 

22 St Reprise des cours de « Qi Gong » sous les responsabilités de Gérard Knob et Christian Colombo

– tous les lundis de 17.15 à 18.30 heures au « Foyer de jour » de l’Hôpital intercommunal de Steinfort en langue allemande et

– tous les lundis de 20.30 à 21.30 heures au « Centre Roudemer » en langue française.

Prix : 25,00 € par trimestre. Org. : Commission du 3ème âge de la commune de Steinfort.

 

 

22 Ëm 19.30 Auer ass zu Clairefontaine eng Versammlung fir all déi, déi sech an eise Paren a Kierchen schonn engagéieren a fir all déi, déi bereet sinn an Zukunft eng Hand mat unzepaken.

 

 

23 Héich Temperaturen (+/- 25 Grad) an eenzel Donnerwiederen hate mer déi läscht Deeg. Den Hierscht fänkt allerdings haut mat Niewel an 03 Grad un. Am Laf vum Dag erreeche mer awer bal 14 Grad bei viller Sonn.

 

 

23  09 23 EURO

Déi nei “Zing” Euroschäiner si vun haut un am Ëmlaf.

 

 

23 St No der Summerpaus ass d’”Porte Ouverte” vun der ”Amiperas Stengefort” elo ërem all Dënschdeg vu 14.00 bis 18.00 Auer op.

 

 

23 St Haut fänken d’Aktivitéite vun der “LASEP” ërem un an zwar vu:

– 14.15 bis 15.15 Auer fir 1-3 Schouljoer

– 15.15 bis 16.15 Auer fir 4-6 Schouljoer.

 

 

23 St  

De Magazin “Global Finance” gesäit d’”Spuerkees” ënnert deenen zing sécherste Banken vun der Welt an déi Sécherst hei am Land. Mat hiren Aa1 an AA+ ass se och nach ënnert deene Beschten op der ganzer Welt.

 09 23 Spuerkeess

 

24 Ha  09 24 Danz

 

 

 

Ufank ëm 19.00 Auer (Cours fir Ufänger) respektiv ëm 20.30 Auer (Cours fir Avancéierter) am Pompjeessall vun „Danzcoursen“. Geléiert ginn ënnert der Leedung vum Vladka Perl Standard Dänz (langsamer Walzer, Tango, Wiener Walzer, Quickstep a Slowfox), Latäinamerikanesch Dänz (Cha-Cha-Cha, Paso Doble, Samba, Rumba a Jive) a Mambo, Rock’n Roll, Disco, …). Präis fir 30 Séancen: 90,00 €. Org.: Gemeng Stengefort.

24 Aus dem Police- an CIST-Bulletin: Géint 06.00 Auer rennt zwëschent Habscht a Sëll een Auto frontal an ee Bam. Den Asazzenter Stengefort gëtt op d’Plaz vum Accident geruff a féiert de Chauffer an d’Spidol.

 

 

24 De Minister François Bausch äntwert dem CSV-Deputéierten Gilles Roth op eng parlamentaresch Fro, datt d’Autobunn A6 net dräispuerech ausgebaut gëtt, well de sektoriellen Transportplang virgesäit, datt d’Zuchstreck Lëtzebuerg-Klengbetten ausgebaut gëtt, mat vläicht Park-and-ride Plazen um Wandhaff.

 

 

25 Aus dem Police- an CIST-Bulletin: Géint 02.00 Auer gëtt den Asazzenter Stengefort op een Zëmmerbrand op Äischen geruff. Wéi si do ukomm sinn, haten d’Habschter Pompjeeën d’Feier geläscht. Véier Persoune sinn dunn nach vun deenen zwou Ambulanzen an d’Spidol gefouert ginn.

 

 

25 St Gemengerotssëtzung ëm 09.00 Auer am Gemengenhaus. E puer Themaen erausgepickt:

– Ierfgroussherzoglech Koppel op Besuch,

– UGDA-Museksschoul,

– Ofschlosskonten vun der Kierchefabrik,

– Kreditdemande fir Infrastrukturaarbechten,

– Erneierung vum Feldwee “An Raetzert” zu Hoen,

– definitiv Konten vun de Joren 2010 an 2011,

– Kloterpark,

– Aussekameraen (Al Schmelz a Schoul Klengbetten).

Duerno ass nach eng Geheimsëtzung:

– Demissioun vun enger “éducatrice” an der “Maison Relais”,

– Nominatioun vun engem Ramplassang an der “Maison Relais”,

– Nominatioun vun engem Ramplassang fir den “service accueil” am Zyklus 1 (Précoce),

– Ramplassang vun engem Member an der Ëmweltkommissioun.

 

 

25 Ha Reprise des cours de « Balle Pilates pour le dos » (Swissball, Flex Oring, Antara) sous la responsabilité d’Yvonne Kirtz chaque mercredi entre 09.00 et 10.30 heures dans la salle des sapeurs-pompiers (15, rue de l’Ecole). Prix : 25,00 € par trimestre. Org. : Commission du 3ème âge de la commune de Steinfort.

 

 

25 St “Festivasion 2014”. Eng Diskussiounsronn, bei där Leit vu verschiddene Generatiounen a Kulturen an enger lockerer Atmosphär matenee kënne schwätzen an hir Gedanken austauschen, fënnt am “Café des Âges“ am  „Centre de jour Psycho-Gériatrique“ vum „Hôpital intercommunal Steinfort (HIS)“ statt. Thema haut “Zesummeliewen”.

 

 

26 Ha Reprise des cours de « Pilates-Training pour le dos » sous la responsabilité d’Electra Chifari chaque jeudi entre 09.00 et 10.30 heures dans la salle des sapeurs-pompiers (15, rue de l’Ecole). Prix : 25,00 € par trimestre. Org. : Commission du 3ème âge de la commune de Steinfort.

 

 

26 Kb Am Restaurant “de Bräiläffel” treffen sech Memberen vun der “Amiperas Stengefort” fir ee Keelennomëtteg. Vun 12.00 Auer un gëtt sech awer nach mat enger “Lasagne” gestäerkt.

 

 

26 St D’Jugendpompjeeën (tëschent 08 a 16 Joer) trëffen sech all Freiden (ausser an de Schoulvakanzen) ëm 18.00 Auer am Asazzenter fir zesumme mat Spill a Spass hiert theoretescht an praktescht Wëssen opzebauen.

 

 

26 Am “Insight” vun der “BGL BNP Parisbas” Bank gi mer gewuer, datt de Look vun den Agencen moderniséiert gëtt, well d’Bank méi no beim Client wellt sinn, wann dee seng Bank brauch.

 

 

26 Nodeem datt déi nei Telefonsbicher am Land “on Tour” waren, kritt een se vun haut un och an de Post-Guicheten.

 

 

27 St Bis den 20. Oktober 2014 organiséiert d’Gemeng Stengefort op Initiative vun der „Commission sociale et des Égalités des Chances” “Baby-sitting”-Coursen (Samschdes vun 09.00-12.00 Auer a Méindes vun 18.30-20.30 Auer) fir Jugendlecher vu 15 Joer un. Behandelt gi vu qualifizéierte “chargés de cours”:

– d’Entwécklung vum Kand,

– d’Aféierung an d’Éischt-Hëllef,

– altersgerecht Beschäftegungsméiglechkeeten,

– Grondkenntnisser an der Fleg an der Hygiène an

– Haftpflicht.

 

 

29 St Stengeforter Maart. Um Square General Patton an Emgéigend fënd een zwëschen 08.00 a 12.00 Auer haut net “Alles wat e brauch”, well et ass nëmmen e Stand do.

 

 

29 St De “myenergy infopoint Westen” organiséiert bis den 03. Oktober eng Aktiounswoch. Während dëser Woch kritt een zwëschen 09.00 a 17.00 Auer (op Rendez-vous) fir näischt Tippen an Tricken gesot wéi een doheem besser kann isoléieren an hëtzen.

 

 

29 An de Bréifkëschten fannen d’Gemengebierger den “de Gemengebuet N° 32, September 2014” mat ënner anerem de Gemengerotssëtzungen vum 28.04.2014 an dem 15.05.2014.

 

 

29 Den Nohaltegkeetsminister François Bausch kënnegt fir 2015 Radarinstallatioune fir Vitessekontrollen am Land un. An eiser Gemeng ass keng virgesinn, d.h. mir hu sécher Stroossen.

 

 

30 De Wiederdéngscht “MeteoLux” gëtt bekannt, datt de 06. Juli 2014 zu Stengefort déi héichst zing Minuten Nidderschlagzomm, 21,6 l/m2, an de stäerkste Stuerm, 131 km/h, waren.

 

 

Kb  09 99 CFL KB

Am Laf vum Mount sinn an der Klengbettener-Gare nei “Signalportiquen” opgeriicht ginn.

 

 

St D’Jennebiergstrooss ass esou gutt ewéi fäerdeg an duerfir ass den Tunnebierg an d’Kolonien gespaart.

 

 

Dëst Joer ass een Uebst- a Bounejoer.

 

 

Op eng parlamentaresch Ufro vum CSV-Deputéierten Gilles Roth äntwert de Justizminister Félix Braz, datt den Asaz vun “Dashcams“ am Stroosseverkéier verbuede sinn, d.h. et kann een se hunn, gebrauchen däerf een se awer net. Tippesch Lëtzebuergesch.

 

 

Laut dem “Global Competitiveness Report” vum “World Economic Forum” (WEF) huet Lëtzebuerg dräi Plaze gewonnen a läit elo op der 19. Plaz vu 144 Länner. An esou ass d’Wirtschaft am Land eng vun deene konkurenzfähegsten vun der Welt. Bei den Entreprisen héiert een do eppes Aneschteres.

 

 

St Les élèves de l’école de musique de l’UGDA terminent l’année musicale 2013/2014 avec les résultats suivants :

Formation musicale – solfège
Diplôme de la 1ère mention (FM3) : Nora Ferigo (satisfaisant), Maïté Hild (assez bien), Aidan Ifinis (très bien), Naïm Qasem (très bien).

Diplôme de la division moyenne (FM5) : Ben Lucas (satisfaisant), Chloé Van den Abeele (satisfaisant), Lucas Van den Abeele (bien), Claire Winter (assez bien).

Formation instrumentale et vocale
Diplôme du 1re cycle : Manon Andre, piano (très bien), Amandine Hild, guitare classique (assez bien), Ben Lucas, trombone ténor (bien), Sven Paulus, caisse claire et claviers (bien), Leo Sehl, guitare classique (très bien), Dana Shiomura, piano (bien), Chloé Van den Abeele, guitare classique (bien), Lucas Van den Abeele,  caisse claire et claviers (bien), Shannon Wagner, saxophone alto (bien), Claire Winter, clarinette sib (très bien).

Certificat de la 2ième mention : Laura Cornette, caisse claire et drumset (bien), Sven Paulus, clarinette sib (bien).

Diplôme de la 1ère mention : Sarah Kauffmann, clarinette sib (bien), Anouk Rauchs, piano (assez bien).

Certificat de passage moyen 1, 2e année : Tony Andrich, caisse claire et drumset (bien).

Musique de chambre
Certificat de la 2ième année : Carine Defryn-Boeykens, clarinette sib (bien), Danielle Thill, clarinette basse (bien), Mandy Zwank, clarinette sib (bien).

Certificat de la 4ième année : Sofia Fernandes Duarte, clarinette sib (bien).

 

 

D’Energiepräisschwankungen am Mount September (01-30):

Datum

Super 95

Super 98

Diesel

Masutt 10 ppm

Masutt 1000 ppm

LPG

03.09

1,318

1,367

1,187

0,758

0,739

0,560

09.09

1,335

1,379

1,187

0,758

0,739

0,560

13.09

1,335

1,379

1,187

0,758

0,739

0,566

16.09

1,335

1,379

1,175

0,745

0,726

0,566

19.09

1,321

1,365

1,175

0,745

0,726

0,566

26.09

1,321

1,365

1,161

0,731

0,712

0,566