Juli 2015

01  07 01 Presidence

Lëtzebuerg iwwerhëlt fir sechs Méint d’Présidence vun der EU.

 

01 St Le règlement communal concernant les nuits blanches, approuvé par le conseil communal en date du 21 mai 2015, est en vigueur à partir d’aujourd’hui.

 

01 St A la maison communale a lieu à 17.00 heures une réunion du comité « Z.A.R.O. » (Syndicat intercommunal pour la création, l’aménagement, la promotion et l’exploitation d’une zone d’activités économiques à caractère régional dans la Région de l’Ouest du Pays).

Ordre du jour en séance à huis clos : Remplacement du secrétaire-rédacteur du Z.A.R.O.

Ordre du jour en séance publique : Informations et courrier, vote portant sur l’éligibilité des entreprises/sociétés ayant posées une candidature pour une parcelle au Z.A.R.O., discussion et décision en principe quant à la reconduction du droit de superficie venu à échéance (30 ans), présentation du site internet.

 

01 St No der Kannermass, déi ëm 18:00 Auer an der Stengeforter Kierch ass, iwwerreechen d’Kommiounskanner e Chèque vun 3.500 € un d’”Action pour un Monde Uni au Congo”.

 

01 St  07 01 Musique Militaire 2

SchmelzKultur 2015. Um Kiosk (Square Patton) spillt ëm 20:00 Auer am Kader vum “Le tour des kiosques” d’”Musique Militaire Grand-Ducale” e Concert.

07 01 Militärmusik 0

02 Ha Am Reider : L’entreprise SOGEROUTE exécute dans la « rue Principale » des travaux d’infrastructures routières à la hauteur de la maison N° 44 (renouvellement des réseaux gaz et électricité). Jusqu’à la fin des travaux, l’accès à la « rue Neuve » à la hauteur de la maison N° 18 est interdit à partir de la « rue de l’Ecole ». La « rue Neuve » est uniquement accessible par la « rue Principale ».

 

02 St Puppelcher- a Klengkannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 09:00 bis 11:30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”. An där Zäit gëtt d’”Info-Santé” och Informatiounen iwwert e gesond Iessen.
02 St Réunion à l’annexe de l’Hôpital Intercommunal de Steinfort à 17.45 heures de l’Office Social Régional de Steinfort.

Ordre du Jour : Demandes d’aide sociales, confirmation décisions d’urgence et divers.

 

02 St  07 02 Karier

Am Reider : La Ministre de l’environnement accorde à la menuiserie Karier N. et Cie la cessation d’activité à Hagen, rue de Steinfort (arrêté N° 1/15/0236).

 

03 Op der „Foire Agricole“ zu Ettelbréck, déi vum 03. bis de 05. Juli dauert, sinn d‘“Fondation Dr. Elvire Engel“ an de „Lucas S.à r.l.“ vu Stengefort an d‘“Moulins de Kleinbettingen“ vu Klengbetten ënnert den Exposanten.

 

03 Kb Am Restaurant “de Bräiläffel” treffe sech Memberen vun der “Amiperas Stengefort” fir e Keelennomëtteg. Vun 12:00 Auer u gëtt sech awer nach mat enger “Assiette Maison” gestäerkt.

 

03 St  07 03 Owesmaart 1

07 03 Owesmaart 2

D’Gemeng Stengefort an déi lokal a regional Geschäfter – Fleurs Danielle Grün, Electricité Peiffer, Boucherie Kirsch, L’Oenophile, Optique David Bukato, Montfruit, Akabo-Bus, Stuff4Kids by Loulou, Kidis, Epicerie beim Paule + Confitures & Liqueurs Pfeifer, Brennerei Adam, Ligue HMC, Restaurant de Bräiläffel, Restaurant Koi Sushi, Restaurant Shigane, Snack Resto Antalya, Café-Bar Sandkëscht, Centre d’Acceuil Mirador – organiséieren de 7. Stengeforter „Owes-Maart“ vu 17:00 bis 24:00 Auer beim “Centre Roudemer”. Fir Animatioun suergt een DJ an d’Band “Casamento”.

07 03 Owesmaart 3

04 Den „Objectif 2001 Stengefort“ presentéiert „Stengefort news – Juli 2015“ op dem Sender „.dok den oppene kanal“ (d’Zäiten fënd een an de Programmzäitschrëften) mat folgendem Programm: Yesterday/Concert vocal, Sängeréierung Chorale Ste Cécile, Rendez-vous des fripiers, Gameday, Übung vun der Rettungshondsstaffel, Croix-rouge Buttek am Diederich-Haus a Nationalfeierdag an der Gemeng.

 

04  07 04 Schweiz

Déi zwee sechst Schouljoeren vum Jean-Paul Rollinger a Christian Kohnen / Mickels Schmartz hu vum 29. Juni bis haut schéin Deeg zu Vips am Kanton Wallis (Schweiz) verbruecht.

 

04 Ha Generalversammlung am Pompjeesbau vum “Dart-Club des trois frontières”.

 

05 St Am Kader vun “En Dag an der Natur” mole mer vun 09:30 bis 12:00 Auer mam Irene Schrouff direkt an der Natur mat de Planzefaarwen ob de Pabeier. Org.: Naturschutzzenter Mirador Steinfort.

 

05 St  07 05 Marche Gourmande 2

De “Sporting Steinfort” organiséiert eng “Marche Gourmande” (07 Servicer) vun 10 Kilometer mat Depart an Arrivée “Al Schmelz” an dat tëschent 09:30 a 12:00 Auer. De Präis fir déi Erwuessen ass 39,00 € + 06,00 € Supplement fir Kéis a fir d’Kanner bis 12 Joer 19,00 €.

 

05 St De ”Fëscherfrënn Stengefort 2010” organiséiert een interne Fëscherconcours um Weier.

 

05 St  07 05 Médailleniwwerreechung

Am “Centre Roudemer” spillt  d’”Stengeforter Musek” vu 16:00 Auer un ënnert der Direktioun vum Laurent Bauvin hire “SummerConcert” mat Melodieën aus bekannte Filmer an TV-Serieën.

Zum Schluss gi folgend Musikanten vum Buergermeeschter Jean-Marie Wirth an dem President Jean-Pierre Beffort fir hiert Engagement geéiert:

– Verdéngschtspengel fir 5 Joer: Lucas Van Den Abeele

– Bronzemédaille (10 Joer): Gritti Feiereisen-Goebel, Laurence Colautti a Lone Salvatore

– Selvermédaille (20 Joer): Sofia Fernandes a Pascale Neu

– Médaille Argent Grand-Duc Adolphe (50 Joer): Jean-Pierre Beffort.

Org.: Stengeforter Musek.

 

05 St E volle Maanskärel ass ëmmer ërem op d’Strooss gelaf. Fir en ze schützen huet d’Police hien mat an den Passagearrest geholl.

 

05 De Summer ass mam Summerhéich “Annelie” ukomm. D’Temperaturen bis bal 40 Grad hate mer déi lescht Deeg. Net nëmmen d’Leit hunn ënnert där Hëtzt gelidden. Op de Felder ass d’Fruucht dier ginn an huet misse séier erageholl ginn an d’Wise sinn mat der Hëtzt verbrannt esou datt et manner Fudder fir d’Béischte gëtt.

 

06 Ha  07 06 Coupe scolaire

D’Straus Jana aus der Klass vum Cycle 4.2 vu Klengbetten ass bei der Finale vun der nationaler “Coupe scolaire” esou gutt gefuer, datt et als Präis e neie Vëlo krut.

 

06 D’Police mécht bis Enn der Woch verstäerkt Kontrollen am Verkéier (Gebrauch vum Mobiltelefon am Auto an Netundoen vum Sécherheetsrimm).

 

06 Am “Luxemburger Wort” kënne mer eng Reaktioun vum Ausseminister Jean Asselborn op de griescheche Referendum liesen.

 

07 Well mer net méi am Postkutschenzäitalter sinn huet d’Parlament eestëmmeg d’Distrikter an esou och d’Distriktskommissariater ofgeschaaft.

 

08 Haut ass et, verglach mat dene lëschten Deeg, scho bal Wanter. Vill Wand a nach héchstens 18 Grad hu mer.

 

08 De Bicherbus kënnt haut vu 14:20 bis 14:40 Auer op Klengbetten (Parking Kierfecht) a vu 14:50 bis 15:25 Auer op Stengefort (Parking Centre Roudemer).

 

08 Am Parlament gëtt eestëmmeg e Gesetz gestëmmt, mat deem mer 20 fest installéiert Radaren a sechs Mobiler ab 2016 uechtert d’Land kréien. Käschtepunkt: 11,5 Milliounen Euro.

 

08 D’Resultater vun den Ofschlossexamen gi bekannt:

– am “Enseignement secondaire technique” sinn 69,84% (887) duerchkomm, 19,84% (252) hunn e Noexamen an 10,32% (131) sinn duerchgefall

– am “Enseignement secondaire” sinn 80,04% (1500) duerchkomm, 14,04% (263) hunn e Noexamen an 05,92% (111) sinn duerchgefall

– am “Régime de la formation de technicien” sinn 69,74% (378) duerchkomm, 20,85% (113) hunn e Noexamen an 9,41% (51) sinn duerchgefall.

 

08 St Viru 45 Joer: 01. Generalversammlung am Festsall vun der Gemeng vun der Elterenvereenegung.

 

09  07 09 Velo  

An der Boîte fannen d’Bierger eng nei Vëloskart fir de Westen vu Lëtzebuerg, erausginn vun der Regioun Lëtzebuerg West, dem Réidener Kanton an der Gemeng Mäerzeg.

 

 

 

09 St Gemengerotssëtzung ëm 18:00 Auer am Gemengenhaus. E puer Themaen erausgepickt:

– Regional Museksschoul Westen

– Tounopnam vun de Sëtzungen

– Organisatioun vun der Gemeng (Organigramm)

– elektresche Vëlo fir Déngschtfahrten (3.000 €)

– EU Richtlinn (Renaturéierung vun de Baachen an Héichwaasser).

 

09 St Am Kulturzenter “Al Schmelz” ass ëm 19:00 Auer déi uerdentlech Generalversammlung vun de

“télé-antenne steinfort asbl”.

 

09 St  07 09 Concert Tennishall

D’”Stengeforter Musek” spillt ëm 19:30 Auer beim Tennisterrain e Concert.

 

10 St La commune de Steinfort nous informe que les bureaux de l’administration
communale sont exceptionnellement fermés de 10.30 à 14.00 heures. En cas d’urgence, la population est priée de s’adresser aux numéros de téléphone de la permanence (le 399313–554 pour les urgences État Civil (décès) et le 399313–555 pour les urgences techniques). 
10 Aus dem CIST-Bulletin: Ëm 16:15 Auer gëtt den Asazzenter Stengefort op een Accident zwëschent Habscht a Simmer geruff. Een Auto an e Motorrad hate sech ze pake kritt. De Motocyclist ass mam Rettungshelikopter an d’Spidol geflu ginn.

 

10 Aus dem CIST-Bulletin: Géint 18:00 Auer war eng Automobilistin engem Trakter mat engem groussen Unhänger zwëschent Habscht an Äischen ausgewach an huet doropshin d’Kontroll iwwert den Auto verluer an ass an enger Baach gelannt. D’Chauffeuse konnt sech selwer aus dem Auto retten, deen ee Meter am Waasser stung. D’Ambulanz vum Asazzenter Stengefort huet se an d’Spidol gefouert.

 

10 St Aus dem CIST-Bulletin: Géint 19:30 Auer hat engem Bauer säin Unhänger, dee mat Stréiballe geluede war zwëschent Stengefort an dem Wandhaff iwwert dem Fueren Feier gefaang. Doropshin ass de Bauer an e Feld gefuer, den Trakter ofgekrämpt an d’Ballen vum Unhänger gedréckt. Den Asazzenter Stengefort hat d’Feier séier ënner Kontroll, mais Läschaarbechten hu sech an d’Längt gezunn.

 

10 St  07 10 Hausdéieren

.Am Schoulgebei “Maison Relais” huet de Cycle 1 aus der Stengeforter Grondschoul am Kader vum PRS (plan de réussite scolaire) eng flott Ausstellung mat Bastel- a Molsaachen vun de Kanner iwwert (Haus-)Déieren organiséiert. D’Zil war et, Déieren déi keen Doheem hunn an deenen et net sou gutt geet, a fir déi sech d’”Amiavy asbl” asetzt, e klengen Don ze maachen. Dës Ausstellung huet an engem familiäre Kader mat Kaffi a Kuch stattfonnt an d’Amiavy huet den interesséierte Leit Informatioune ginn.

 

11 Géint 13:30 Auer hunn d’Stréiballen ërem ugefaang mat Brennen a goufen vun de Stengeforter Pompjeeën geläscht (10.07. kukken).

 

11 St Politbarometer. Bei der TNS-Ilres Wielerëmfro, Wahlbezierk Süden, déi am Opdrag vum “Tageblatt” gemaach gi war, ass den Ausseminister Jean Asselborn op der éischter Plaz mat 77 Prozent (01.2015: 1. Plaz, 80%).

 

11 Kb Am Schoulhaff ass vun 19:00 Auer un e “Lëtzebuerger Owend” mam Rol Girres organiséiert vun der “Harmonie Klengbetten”. Um Menu stinn Hausmaacher Kniddele fir 13 Euro.

 

11 St Haut a muer ass am “Centre Roudemer” e Festival organiséiert vum “Grupo Danças et Cantares Aldeias de Portugal”.

 

11 St Madame Dos Santos deelt de Bierger mat, datt de “Café Roudemer” ëm 18:30 Auer nei op geet.

 

12 St Computer FlouMaart am „Centre Culturel Al Schmelz“ vun 09:00 bis 12:00 Auer. Org.: Master Computer Club Luxembourg.

 

12 St Am Kader vun “En Dag an der Natur” siche mer mam Norbert Valmorbida vu 14:30 bis 17:30 Auer Kraider aus der Wiss an dem Bësch fir z’iessen. Org.: Naturschutzzenter Mirador Steinfort.

 

12 Kb Summerfest am Schoulhaff vun 11:30 Auer un, organiséiert vun der „Harmonie Klengbetten“, mat folgendem Programm:

– Concert-Apéro vun der Wormer Musek ëm 11:30 Auer,

– Mëttegiessen vu 12:30 Auer un: Paschtéit, Fritten an Zalot (15 €) oder Kotelett,

Fritten an Zalot (10 €),

– Concert vun der Musek Gemeng Bauschelt ëm 14:30 Auer,

– Concert vun der Chorale Princesse Marie-Astrid vu Monnerich ëm 16:00 Auer,

– Concert vum Schüler-Ensembel Klengbetten ëm 17:30 Auer.

De ganzen Dag iwwer gëtt et Gegrills, Fritten an Eisekuchen.

 

12 An de Bréifkëschten fannen d’Gemengebierger den “de Gemengebuet N° 35, Juli 2015” mat ënner anerem de Gemengerotssëtzunge vum 04.02. a 17.03.2015.

 

13 St D’Artisten, déi beim Skulpturconcours, organiséiert vun der Gemeng Stengefort an Zesummenaarbecht mat “Aktikulti a.s.b.l., wëlle matmaachen, musse bis haut hir Kandidatur beim “Aktikulti” ofginn hunn.

 

13 All Méindeg vu 14:00 bis 16:00 Auer funktionnéiert eng gratis anonym Telefonspastoral (8002-7171) fir d’Baueren, Wënzer a Gäertner.

 

13 St  07 13 Multisports

Bei der Grondschoul ass e neit polyvalent Sportsfeld fir mam Ball ze spillen a Presenz vun de “Gemengepäpp” an dem Kannergemengerot offiziell a Betrieb geholl ginn.

 

13 St  

Le collègue des bourgmestre et échevins invite pour 19.00 heures à une réunion d’information au centre culturel “Al Schmelz” concernant le centre de promesse “télévie 2016” et le “Festival luxembourgeois du Cyclisme Féminin Elsy Jacobs”.

 

 07 13 Televie
13 St Am Reider: Le Ministre de l’Intérieur a approuvé en date du 26 juin 2015 (Réf. MI-DFC-4.0042/NH (41393) les cautions et taxes pour la location de matériel à des tiers et les prix d’entrée à l’occasion du “SchmelzKultur 2015” (Réf. MI-DFC-4.0042/NH (41396), délibérations du conseil communal en date du 21 mai 2015.

 

13 Sechs nei “SAMUen” huet de Noutfallrettungsdéngscht haut an den Déngscht gestallt. Een Auto kascht 230.000 Euro.

 

14 St De Kannergemengerot an d’Police féieren eng Radarkontroll an der „rue de Kleinbettingen“ bei der Raiffeisekees duerch.

 

14 St Lescht “Porte Ouverte” fir d’Saison 2014/2015 vun der “Amiperas Stengefort”.

 

14 St Stengeforter Maart. Op der Plaz virun der Gemeng fënd een zwëschen 16:00 a 19:00 Auer “Alles wat e brauch!”.

 

14 St Viru 45 Joer: 01. Schoulmeeschter- a Joffertagung am Festsall vun der Gemeng.

 

14  07 14 Pluto  

No enger Rees vu méi wéi ning Joer

(+/- 05 Milliarde Kilometer vun der Erd ewech) ass déi onbemannte US-Raumsonde “New Horizons” an enger Distanz vu 12.000 Kilometer mat enger Vitesse vu 50.000 Kilometer pro Stonn laanscht den Zwergplanéit “Pluto” gerannt.

 

15 D’“CSV Stengefort“ kontaktéiert an informéiert d’Bierger mat hirem Blad „Op de Punkt“ – Juli 2015.

 

15 St  07 15 Gedreinkswon 1

Inauguration dans l’après-midi d’une „Remorque-Comptoir-Boisson“ très bien aménagée devant le centre culturel « Al Schmelz », mise à disposition par la commune aux associations locales.

07 15 Gedreinkswon 2

15 Kb De Restaurant „de Bräiläffel“ an den „Hotel Jacoby“ éieren hir jorelaang Mataarbechter op enger Personalfeier: de Jean-Philippe Charrat an d’Pascale Charrat-Boland fir 25 Joer, de Fahrudin Hodzic fir 15 Joer an d‘Jennifer Junck, de Jonathan Rodrigues an de Ronny Wagner fir 10 Joer.

 

16 An de Grondschoule ass et vun haut u roueg, well déi grouss Vakanz fänkt fir d’Kanner an Léierpersonal un. D’Schüler aus de Sekundarklassen hate schonn éischter grouss Vakanz.

 

16 St Puppelcher- a Klengkannervirsuerg (0 bis 4 Joer) vun der “Ligue Médico-Sociale” vun 09:00 bis 11:30 Auer am Lokal hannert dem „Hôpital Intercommunal de Steinfort”.

 

16 St D’”Biergerinitiative Liewensqualitéit Gemeng Stengefort” mécht een Opruff fir Member bei hir ze ginn (10 €).

 

16 St D’”Stengeforter Musek” spillt ëm 19:30 Auer am Schoulhaff e Concert. Duerno gëtt beim Musekssall gegrillt.

 

16 St  07 16 Pompiers

Aus dem Police- a CIST-Bulletin: Géint 15:30 Auer gëtt den Asazzenter Stengefort op e Brand vun enger Heepress zwëschent Stengefort an Habscht geruff. Wéi d’Pompjeeën do ukomm sinn, stung d’Feld och a Brand. Mat Hëllef vun de Nopeschpompjeeën ass de Brand séier geläscht ginn. D’Heepress konnt net gerett ginn an ass nach Schrott.

Wéinst der Hëtzt huet d’Feld géint 22:14 Auer ërem ugefaang mat Brennen a gouf vun de Pompjeeën geläscht.

 

16 St Aus dem CIST-Bulletin: Géint 17:50 Auer kritt den Asazzenter Stengefort e Brand am “Schléckebösch” gemellt. Op der Plaz hunn d’Pompjeeën festgestallt, datt hei Saachen, déi héchstwahrscheinlech geklaut gi waren verbrannt gi sinn. De Brand war séier geläscht an d’Police mécht eng Enquete.

 

16 Kb Aus dem CIST-Bulletin: Géint 22:56 Auer melle Leit dem Asazzenter Stengefort Damp bei der Kierch. De Urspronk vum Damp konnt och mat Hëllef vun der Police net festgestallt ginn. Nodeems, datt d’Kierch ganz kontrolléiert gi war, sinn d’Pompjeeën ërem heem gefuer.

 

17 D’Massendénger aus dem Parverband Äischdall maachen een Ausfluch an de “Waligator”.

 

17 St  07 17 Kiermes ST 1

07 17 Kiermes ST 2

4 Deeg Kiermes beim „Centre Roudemer“.

Freides gëtt ëm 18:30 Auer a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot d’Kiermes (flott Spiller fir Grouss a Kleng) offiziell opgemaach. Fir d’Leit geet et ëm 19:00 Auer lass.

Samschdes spillt d’Stengeforter Musek vu 14:00 Auer un den „Hämmelsmarsch“ an der Aarelerstrooss, am Hoener- a Klengbettenerwee. D’Kiermes fängt ëm 16:00 Auer un.

Sonndes zitt d’Stengeforter Musek vun 09:00 Auer un duerch déi aner Stroossen a spillt den „Hämmelsmarsch“. Ëm 10:00 Auer gëtt d’Kiermesmass gefeiert an ëm 12:00 Auer mécht d’Kiermes op.

Méindes ass d’Kiermes vu 16:00 Auer un op.

07 17 Kiermes, ST 3

Org.: Entente des sociétés de la commune de Steinfort, Fëscherfrënn Stengefort 2010 a Stengeforter Musek.

 

18 An der Boîte haten d’Gemengebierger haut de “leaderprojektpanorama” vun der Regioun Lëtzebuerg West fir Period 2007-2013.

 

18 Am “Tageblatt” kënne mer liesen wéi d’Präisser déi lescht 20 Joer an d’Luucht gaangen si. Déi normal Dokteschvisite ass ëm 114 % geklomm.

 

19 St Wéinst der Kiermes bleiwt d’Schwämm haut zou.

 

20 St D’Spillnomëtteger, organiséiert vun der “Maison Relais”, daueren dëst Joer bis den 31. Juli, ausser samschdes a sonndes. Während där Zäit gi vill verschidden Aktivitéiten gemaach.

 

20 Den Zyklus 4 vun der “Maison Relais” mécht bis iwwermuer an der Jugendherberg zu Remerschen Vakanz.

 

20 Bis den 01. August sinn “Stengeforter Carapio” um Camp volant um GR 34 an der Bretagne (vu Saint Malo op de Mont Saint Michel).

 

20 St A partir d’aujourd’hui le « Tennis Club Steinfort » organise jusqu’au 21 août 2015, du lundi au vendredi, des stages de tennis, d’échecs, de langues, de soutien scolaire et de multisports.

 

22  

 

 

An dem Magazin fir Lëtzebuerg, der „Revue“, kann een ee groussen Artikel iwwert den „Kultminister Asselborn“ liesen.

 07 22 Asselborn

 

22 Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit kënnegt un, datt „Préretraite solidarité“ géint Enn vum Joer oder ufanks 2016 ofgeschaaft gëtt.

 

23 D’Baueren bréngen hir Fruucht op d‘„Moulins de Kleinbettingen“.

 

23 Den Zyklus 1 vun der “Maison Relais” mécht haut a mar an der Jugendherberg zu Beefort Vakanz.

 

23 Gr D’Stroossenaarbechte roue während dem “Congé collectif”.

 

24  07 24 rue du Moulin

D’Aarbechten zu Klengbetten an der “rue du Moulin” si bal fäerdeg, haut ass de leschte Belag op d’Strooss gemaach ginn.

D’Aarbechten zu Stengefort op der lénker Säit an der “rue de Hobscheid” (Richtung Habscht) ginn haut fäerdeg.

24 An der Kannerklinik huet haut den Owend d’”Maison médicale pédiatrique” hir Diren opgemaach. Si ass op:

– Méindes bis freides: vun 19:00 bis 22:00 Auer,

– Samschdes, sonndes an d’Feierdeeg: vun 09:00 bis 21:00 Auer.

 

24 Aus dem Ministerrot:

– d’Regele fir Tätowéierungen, Piercings, Cuttings an Brandings gi verschärft,

– d’Regelunge fir d’Solarien gi méi streng an

– e nationale Plang fir de Selbstmord ze verhënneren gëtt ugeholl.

 

25 Am Kader vun “En Dag an der Natur” mécht den Erny Drouet de Mëtteg vu 14:00 bis 17:00 Auer eng geschichtlech Féierung iwwert d’Abtei Clairefontaine. Org.: Naturschutzzenter Mirador Steinfort.

 

26 Kb De “Gaart an Heem Klengbetten” mécht bis den 02. August am “Grand Hotel Cadenabbia” zu Cadenabbia (Comer See) Vakanz. Während där Zäit ginn och en etlech Ausflich a Visitte gemaach.

 

26 Bis de 04. August huelen “Stengeforter Avex” um “Haarlem Jamborette” deel.

 

26 Ha Aus dem Police-Bulletin: Zwëschent 10:00 an 20:00 Auer ass an der “rue de l’école” an een Eefamilljenhaus agebrach ginn.

 

27 Den Zyklus 2 vun der “Maison Relais” mécht haut a mar, an den Zyklus 3 bis iwwermar an der Jugendherberg zu Iechternach Vakanz.

 

27  07 27 Bugs Bunny  

 

Haut viru 75 Joer hat de “Bugs Bunny” an den USA am Zeechentrickfilm “The Wild Hare” säin éischten offiziellen Optrëtt.

28 St Stengeforter Maart. Op der Plaz virun der Gemeng fënd een zwëschen 16:00 a 19:00 Auer “Alles wat e brauch!”.

 

29 De Bicherbus kënnt haut vu 14:20 bis 14:40 Auer op Klengbetten (Parking Kierfecht) a vu 14:50 bis 15:25 Auer op Stengefort (Parking Centre Roudemer).

 

29 Kb Ukënnegung vun der Police: Vitessekontroll am Nomëtteg an der “rue de Kahler”.

 

29 Am Gesondheetsministär gëtt den éischte “Plan national de prévention du suicide pour le Luxembourg” virgestallt.

 

29 Ha Entre 19.00 et 22.00 heures, la Police Grand-Ducale procède à des contrôles d’imprégnation alcoolique sur réquisition du Procureur d’Etat.

 

30 Bis den 02. August ginn “Stengeforter Wëllefcher” an de Beggener Scoutschalet campéieren.

 

30 Am Infrastrukturministär gëtt de neie Noutfallplang virgestallt.

 

31 Kb  07 31 Mord in KB

Familljendrama virun 100 Joer. An de fréie Mueresstonnen huet den eelste Jong vun der Famill Nikolaus a Elisabeth Fetter-Lutgen seng Mamm a säi Papp op eng brutal Manéier (Axt) embruecht an duerno d’Haus a Brand gestach.

 

31 De Schoulkonflikt ass eriwwer. De Minister Claude Meisch an d’Gewerkschaften ënnerschreiwen e Kompromëssofkommes.

 

31 De Regierungsrot hëlt am Mueren de Gesetzprojet iwwert d’Reform vum nationale Rettungsdéngscht un. Dëse gëtt am Nomëtteg vum Inneminister Dan Kersch der Ëffentlechkeet virgestallt.

 

31 Am Ministerrot gëtt eng dräi-Prozent-Steier op der Haftpflichtversécherung vun de Gefierer beschloss, Suen, déi fir d’Finanzéierung vun de Rettungsdéngschter geholl ginn.

 

31 D’Kollektivvakanz:

D’Vakanz an der Héich- an Déifbaubranche, bei de Gipser an de Fassadenmécher fänkt haut un an dauert bis den 23. August.

D’Vakanz am Sanitär-, Klimatechnik- an Heizungsberäich fänkt den 03. August un an dauert bis den 23. August.

All déi aner Branchen hu keng Kollektivvakanz. Ob se schaffen, wann een se brauch, dat ass eng aner Saach.

 

Am Laf vum Mount:

– huet d’”SICA” hir Offallwirtschaftsbilanz 2014 presentéiert. 56% vun alle Verpakungsoffäll si recycléiert ginn.

– huet “Sources Rosport” no de gliesen “Rosport Classics” Fläschen och d’”Rosport Blue” Fläschen wéinst d’Problemer (brieche liicht) aus dem Verkéier gezunn. Bis op weideres ginn se duerch PET-Fläschen ersat.

 

D’Energiepräisschwankungen am Mount Juli (01-31):

 

Datum

Super 95

Super 98

Diesel

Masutt 10 ppm

Masutt 1000 ppm

LPG

04.07

1,276

1,351

1,073

0,631

0,607

0,435

09.07

1,276

1,351

1,050

0,603

0,577

0,435

10.07

1,301

1,373

1,050

0,603

0,577

0,435

14.07

1,301

1,373

1,050

0,603

0,577

0,436

17.07

1,256

1,323

1,050

0,603

0,577

0,436

23.07

1,256

1,323

1,050

0,603

0,565

0,436

24.07

1,256

1,323

1,050

0,603

0,565

0,445

25.07

1,256

1,323

1,036

0,589

0,565

0,445

30.07

1,229

1,296

1,036

0,589

0,540

0,445

31.07

1,229

1,296

1,019

0,571

0,540

0,445