D’Gemeng am Laf vun der Geschicht

 

d’Stengeforter Gemeng am Laf vun der Geschicht

Eng Radiosemissioun  vum 04.04.1985,
geschwat vum Alain Atten a Claude Meintz,
matt engem  Réckbléck op d’Joeren 1985 – 2005 vum S.I.T.

Stengefort – eng Grenzgemeng op d’Belsch zou, am Kapellener Kantong – dat heescht och schons, datt se nach nët freeschlech laang Grenzgemeng ka gewiescht sin, eréischt zenter datt déi belsch Grenzpéil stinn, an dat ass nach keng Eiwegkeet. Virdru war d’Géigend grouss op, op Arel zou. Ët ass där Géigen­den nach eng, déi fréier emol fir Arel „d‘ Stad“ gesot hun an nët fir Lëtzebuerg.

Ma ganz wäit zréck huet bis elo dach keen sech richteg an d’Geschicht vun deenen 3, 4 Dierfer laanscht d’Äisch hei geknéit. Vun hei aus ass së och nët gudd schreiwen, ët sief dann, esou wäit se am Buedem begruewe läit. An do stécht vläicht nach genuch. Wann een de Buedem selwer op d’Prouf stellt, dann därf ee sech ewell fräi drop gefaasst halen datt sech der fräi do opgeschloën hun, wéinstens vun där Zäit un, wou hei gewosst war, wéi een Ierz schmelzt.

Eng apaart Zort Eisenierz ass hei onheemlech vëllechen ze fanne gewiescht, an engem grous­sen Dräeck Land dat ee sech vu Virton his eriwwer op Beetebuerg a vun do erop his op Miersch kann denken.
Dat Ierz, wat een do uechterall konnt kuerbeleweis rafen, dat ass doutsécher ewell an där keltescher Zäit boot­scheweis a kareweis a Kaulen zesummegetippt a geschmolt gin. Esou ural riicht ewech Eise­schmelze stungen emol ganz sécher tëscht Kaerch an dem Wandhaff, tëscht Simmer a Gräisch, an dann un der Quell vun der Äisch op d’Kolerbaach zou.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Do läit d’Stengeforter Gemeng mattzen dran, an d’Réimer hun ausgerechent och nach hiren dichtege Kiem, hir Landstrooss vun Arel iwwer Lëtzebuerg op Tréier riicht derduurch gefouert.

Duerno war nach ee Krack besser hei hausen, mä wéi a wou genee ge­haust gin as, dat huet de Spuet bis elo nët fräigeluegt.

Jhust eng Kéier hat een domat de Vurwëtz op där richteger Plaz gestëppelt, wéi een no bei Stengefort, um Jennebierg op e ganze gallo-réimesche Kiirfecht getoopt as: Eng ganz Rëtsch vu Furegriewer waren ët, keng Hiwwelgriewer méi, keng „Tomme“, wéi d’Leit se soss genannt hun, keng „tumuli“, déi nach aus der Heedenzäit misste stamen,

neen, déi hei, déi waren ewell als Chrëschten an de Buedem komm, si luchen ëwell zur Mue­ressäit hi gedréit an enger dräiduebeler Rei, si haten esouguer ëwell hir kleng Kréi mat Wäiwaasser a Wäiraach niewt sech. Ët muss kee klengt Nascht gewiescht sin, well ët hun sech ëmmer 47 Griewer do ëremfond. Dat meescht dervun ass leider un der Loft zu Stëpps zerfall, ma ët ass nach genuch rescht: Schanken, Aaxen, Seewelen an e sëllechen Tounäerdeschierbelen an esouguer en etlech Stécker Glas. Ma d’Mënzen, déi fond gi sin, déi man eis ët am liichsten: Déi weisen riicht zréck an hir Zäit, wou se eppes gegollen hun, an déi jengst dervun, ass hei eng vum Keeser Arkadius dat heescht: si kann nët éischter ewéi 390 no Christus ënnert d’Leit komm sin. An aner Wierder: ëm 400 no Christus war d’Géigend vu Stengefort nach gallo-réimesch bewunnt; dat stëmmt doutsecher, mä wéi gewéinlech halen duerno da fir Joerhonnerten eis Quellen nees op, a mir gi kee Spoun mei gewuer, wéi ët du hei weidergaang as.

Wa mer wëlle roden, ob d’Liewen hei am Eck virun där fränkescher Zäit eng Kéier stall­gehal huet oder nët, da kënne mer jhust d’Nimm schwätze loossen, déi eis Dierfer am Streech hun. Wann se eng gallo-réimesch Wuur­zel hun, dann ass d’Liewen do zimmleeh sëcher virugelaf, och nach wéi dat neit Vol­lék an d’Géigend koum, deem seng Sprooch mir haut schwätzen. Ma wann d’Uertsnimm duerch an duerch fränkesch sin, dann ass nët gudd gleewen, ët hätt kee Rëss gin, an sou leit och nees de Fall hei:

Dei eelst Duerf­nimm, déi d’Gemeng behalen huet, déi si mu­selfränkesch:

Betten – Bettingen: Dat ass e kloren „ingen“-Numm: Hei hun also dem „Betto“ seng Leit hiren Haff gehat (vu Kleng­betten ass natiirlech eréischt geschwat gin, wéi ët geheescht huet, d’Duerf vu Betten un der Mess ze ennerscheeden). Ma d’Gemeng hat fréier nach en zweet Duerf op „ingen“, an ët ass emol kee verschwonnent Duerf, mä jhust e vergiessent; ët ass haut an Hoen op­gaang: Randeleng – Randlingen huet dee Schwanz Häiser geheescht. Vläicht hat e fränkesche Bauer „Rindelo“ do säin Haff opgeschloen. On­geféier esou muss ët bal stëmmen. Déi aner puer Nimm si sécher nach méi jonk: Hoen, sou soën d’Eisleeker haut nach fir Hecken, de „Grashaff“ – haut ass ët ee Grass – haff, ­dee weist jhust op en Haff am Weedland, an da Stengefort, deen Numm weist esou rich­teg, datt mer nët gudd kënnen um Holzwee sin mat där Meenong, vum déiwe Rëss hei tëscht réimeseh a fränkesch: „Stengefort“, e Fuurt mat Steng ausgekleed – esou een hun d’Réimer secher an d’Äisch geluegt fir hire Kiem, ma esou een Numm krit déi Plaz jhust vu Leit, déi mam Holz gewinnt sin an nët mam Steen: Nët nëmmen d’Sprooch ass fränkesch an deem Numm, ma seng ganz Uluegt fir an d’réimeseh Landschaft ze kucke wéi an eng friem Welt.

Hei am Eck huet all Haus frësch ugefaang, ma ir déi nei Leit nees ugefaang hun, Ierz ze rafen an ze schmelzen, do kann nach e schéine Strapp Zäit vergaang sin. Wéi laang ët zougaang ass, bis s’iwwerhaapt an uecht geholl hun, wéi räich se waren: Si hun ët vläicht nët onbedéngt direkt un deem rou­delzege Waasser gesin, dat e Stengeforter Bur ëmmer gespaut huet: de „roude Bur“. Jhust, den Numm huet sech hautdesdags zu „Roudemer“ verschlaff, an dat gëtt ët alt nees eng Keier nët nëmmen hei op der Landkaart: Roudemer bei Gonnereng seet sech d’selwecht, a säi Waasser huet och e roudelzeche Glën­ner. Ma eent schéngt festzestoën, an dorop wollte mer eraus, fir unzefänken: Nom Stengeforter Kiirfecht um Jennebierg koum laang näischt méi, a laang duerno eréischt Betten an dat laang viru Stengefort.

 

Virum Joer Dausend

as ët nët gudd e verstännege Saatz iwwer Sten­gefort, Betten oder Hoen ze zielen, ounst dat ze ernimmen, wat sech eng Kéier um Jennebierg, oder op aner Plazen, am Buedem erëmfond huet. Ma ëm d’Zäit vun eisen éischte Grofen, do setzt sech ewell allenennen hei am Streech eng zimmlich enkgerëppt Feudalgesellschaft duerch, där hier Fauschtregel iwwerall déi nemmlecht war: Kee Land ouni Här.

Ma fir elo eenzock erauszefannen, zu wiem vun Ufank un eis drä Dierfer gehéiert hun, do hu mer nach eng Kéier kee Gléck, well do loossen och elo d’Pergamentbréiwer op sech waarden. Mir huelen un, ët sin d’Häre vu Koler an déi vu Stierpenech gewiescht, déi sech an deem Streech d’Herrschaft ge­deelt hun. Déi vu Kaerch kënnen och hiirt Stéck gehat hun, ma iwwert si allendräi wësse mer an där Zäit nach vill ze wéineg, fir iwwerhaapt kënnen eppes vun hire Baue­rendierfer ze soën.

Eréischt wéi déi Stier­penecher Gidder un d’Häre vun Elter falen, do kréie mer d’Herrschaft vun Elter-Stierpe­nech ewell méi kloër an de Grëff, a geschwënn gëtt ët am Streech och schons zwee Stackhäi­ser vun deem Numm: d’Häre vun Elter-Stier­penech an déi vun Elter-Kaerch.

Ennert deene vun Elter-Stierpenech sin nun eis dräi Dier­fer – mer kënnte grad esougudd soën: eis véier oder eis fënnef, wa mer de Grashaff an d’Randelenger Hief bei Hoen nach derbäi ­zielen – zimmlech ëmmer beienee bliwwen. An där Saach huet sech du eng ganz laang Zäit, bis zur Revolutioun, am Fong rose wéineg ­nach gedin, dës Säit an déi Säit der Äisch. Den Hären hiirt Schlass luch déi Säit – dat war dat vun Nidderelter, an d’Porkiirch och – dat war déi vu Stierpenech.

Hir helleg Patréinesch war iwwregens esou eng rar Helleg, datt d’Kiirchevi­sitatore se esouguer verwiesselt hun; hiren Numm ass heierëmmer sou seele gefall, datt déi geescht­lech Hären sech emol nët sécher waren, ob zu Stierpenech e Maansmënsch oder e Framënsch um Haaptaltor sting: Ët war d’helleg Aldegund. Deen eenzege grousse Pilgeruert, deen si an der ganzer Géigend hat, dee luch wäit of, un der Ënnermusel, an dach war si eng Helleg aus deem welsche Streech, eng Äbtissin vu Mau­beuge, zu där d’Leit gär gebiet hu fir gudd Aen ze behalen. An déi Aarbecht konnt se sech hei am Eck da matt der hellger Odillchen deelen, déi eng Grëtz méi bekannt ass.

Zu Hoen, do muss ët och zimmlech fréi eng Kapell gin hun – si hat wuel ganz laang nach en hëlzenen Tur – an dat war déi vum helle­gen Antonius mam Schwäin.

Zu Betten an zu Stengefort huet deemols nach iwwerhaapt keng Klack gelaut. Ët stellt een sech déi Zoustänn haut nët méi gudd vir, ma och hir Doudeg, hun déi Dierfer dës Säit der Äisch, alleguer iwwer op de Stierpenecher Kiirfecht geschleeft. Duefir jhust gouf ët ee besonnesche Kiirchepad. Deen huet een all Sonndes geholl fir an d’Houmass, wann ee wollt, bis een en ee gudden Dag huet missen huelen, mä déi Kéier gouf een da gefouert ­a vun där „Mussesaach“ huet en och säin Num kritt: den Doudewee.

Wien war nun de Kiirchenhär vu Stierpenech? D’Abtei vu Clairefontaine hat keemol eppes dodran ze soën, obschons d’Por hir jo virun der Nues luch, ma d’Recht fir de Stierpe­necher Paschtouer ze nennen, dat luch eng Zäit zur Halschecht bei den Hären vu Kaerch an zur aner Halschecht beim Klouschter am Märjendall. Ma och dat Recht hun déi vun Elter hannenno u sech gezunn an och be­halen.

Ët ass sech dann nach eng Zäitchen iwwer den Zéngt gestridde gin: d’Klouschter Märjendall hat do seng 5/7tel, de Paschtouer hat selwer och all emol 1/7tel an den Här vun Elter dann de Rescht. Dat do war esou zimmlech dat eenzegt Recht, dat an e puer Hänn gespléckt war. Esou eppes huet heiandsdo zu ganz spaassege Mëssele gefouert: Mengetwege wann d’Nonnen aus dem Märjendall behaapt hun, si matt hire 5/7tel Zéngtrecht, si bräichten d’Kiirchescheff dann och nëmmen esou eng an­nerhallef Halschecht wäit ze décken, fir de Rescht kënnt de Leendecker roueg stallhalen, duefir kéime si nët op. Esou ass sech déi Zäit ameséiert gin, wann eng Kiirch frësch ze maa­che war, an dat esou zimmlech bis un d’Enn vun der Feudalzäit.

Ët hun sech deslescht och e puer Stengeforter Geschichtsschreiwer d’Fro gestallt, fir wat déi Stierpenecher Hären, déi senger Zäit jo och deem Keejhenger Eck seng Biergerfräi­heete gin hun, hire Leit laanscht d’Äisch erop nët och esou e Fräiheetsbréif do gelooss hun. D’Äntwert ass vläicht méi liicht wéi ee méngt. De Stierpenecher huet deemools zur Péiten­ger Säit misse méi mëtschgieweg sin, well hannert der Grenz hat de Grof vu Bar, deen Zock ewell virun him, an do huet ët geheescht séier deem alles nomaachen, soss wäre seng Leit ëm all fortgelaf, bis iwwer. De Stierpe­necher war do eben nët eleng meeschter, an emol nët op senger Säit, well do hätt och nach säi Grof vu Lëtzebuerg ëm watgelifft gesot, wann en nët paréiert hätt. Mä do wou keen aner en hannenerem gehuewen huet, do huet en de Beidel guer nët muttwëlleg opgedin, de Stierpenecher, an seng Bauere si „Läifeege Leit“ bliwwen bis ët domat allenennen eriwwer war.

Esou kennt een emol mengen, hei am Eck wir eng 700, wann nët 800 Joer, esou­gutt ewéi glat näischt geschitt. Ma dat wir d’Wuert nët derfir. Geschitt ass hei ge­nuch, ët huet jhust eng laang Zäit elle wéi­neg changéiert.

D’Leit vu Stengefort, vu Betten, vun Hoen a vum Grashaff, hu sech uechter d’Mëttel­alter wuel wéineg gerouert, ma si souzen duefir nach laang nët op Rousen. Hir Häre vun Elter hun duefir desto méi ferm op d’déck Tromm gefacht, an ët muss een hinnen eent loossen: Si waren esou bal nët welles, fir d’Klëppele bei hir Tromm ze geheien, a wann d’Saach hinnen och nach esou dacks iwwert de Kapp gewues ass. Si hu sech méi ewéi eng Kéier selwer een op de Pelz gedämpt, deen se herno nët meeschter goufen.

Wat deen éiwegen Trawolt hire Leit abruecht huet, dat ass séier gezielt: Zur Zäit vun eise leschte Béimekinneken, apaart ënner dem Wenzel de Faulen, do hun déi vun Elter na­well eng laang Zäit nach d’éischt Gei hei am Land gespillt, well eise Landshär, eise ver­soffene Kinnek Wenzel, dee souz deemols jo wäit eweg a Béimen, an den Hugo vun Elter, dat war zu Lëtzebuerg säi Seneschall, also säi Läitnant a Gouverneur, an hien huet sech och deemno opgefouert. Hie war souguer zimm­lech déck do, a well de Wenzel, der Mënz no ëmmer um leschte Lach gepaff huet, do war en apaart frou mat deene, wou e konnt léinen.

Am Lëtzebuergesche war ët dann zum dack­sten d’Sippschaft vun Elter, déi fir den Här agesprongen ass, an esou krut se dann och iwwerall Pandgidder zu vrécks iwwerdroën. Ma dat dichtegst dervu war d’Grofschaft Laroche am welschen Eislek (déi Zäit ass hei­eruechter nach „déi welsch Fiels“ duerfir ge­sot gin; eis Fiels war „déi däitsch Fiels“ well mir haten der du jo zwou: Laroche a Larochette). Déi vun Elter haten also eng Zäit „déi welsch Fielz“, an si hun esouguer hiirt eegent Geld do geschloën, well dem Här seng Mënzwierkstat hate se mat iwwerholl.

Ma si mussen nach méi héich gebiicht gehat hun, d’Häre vun Elter, besonnesch déi Zäit, wou den Herzog vun Orleans fir e kuurze Strapp, Pandhär vu ganz Lëtzebuerg gi war. Si hu seng Parti nach gehale, laang nodeem de Burgunnerherzog, dee vun Orleans zu Paräis 1407 gemurkst hat. Eng burgunnesch Oder schenge se nët am Leif gehat ze hun. Politesch hun si op alle Fall ganz richteg ge­sin, wat du op Lëtzebuerg duerkomm ass:

Schons wéi du 1409 dem Burgunner säi Brud­der, den Antun vu Brabant, dem Kinnék Wen­zel seng Niess, eis Elisabeth vu Görlitz be­stued huet, du war den Här vun Elter op der Mol an hien huet de ganzen Adel hei rebel­lesch gemaach, fir nëmmen nët deem „bra­bännesche Burgunner“ den Eed ze leeschten, an hie krut se och esouwäit, datt se sech ët iwwerluegt hun. Apaart d’Eislécker Ritter hun deem vun Elter ferm d’Partei gehalen, ma do sin se gewuer gin, wat d’Pond Kiischte kascht huet: Wéi deen neie Pandhär bis matt där éischter Ka­noun an d’Land geréckt ass  – 1413 war dat ­- du krut dee vun Elter fir d’éischt emol seng Buurg Nidderelter schéi fein a propper an e Koup geschoss an esou koum een nom aner drun, queesch duurch d’ganzt Guddland. Nun huet den Hugo vun Elter, tockeg wéi e war, sech nawell nët gin, an seng Eislecker Komperen, déi hu viru Klierf de Brabänner esouguer nach mëll kritt, well deem ass och du de Goss ausgaang an d‘ Päerd an d’Leit. An dee vun Elter hat jo ëmmer nach Laroche a seng Jongen waren nach an aner déck Herrschaften abestued, mä déi aarm Leit ronderem Elter, déi ware geplëmmt gi bis op d’Schanken, aus­gereibert an ausgefriess, well den Herzog An­tun vu Brabant hat jhust viru Stierpenech säi Quartéier; do ass joerelaang näischt méi gewuess. Ët wir schwéier soën, wéini déi sech erëm hätte kënnen erkrabbele, laanscht d’Äisch: d’Burgunnerkricher hu sech duerch d’ganzt 15. Joerhonnert nët gin, an déi vun Elter och nët.

D’Herrschaft Elter-Stierpenech war déi Zäit bal fir éiweg op den Hond komm. Si huet am Fong d’ganzt 16t an d’halleft 17t Joerhon­nert nach gebraucht fir erëm op hir fréier Zifferen ze kommen. Si war emol an der Bur­gunnerzäit op 63 Stéit komm – dat war dann Uewer- an Nidderelter, Stierpenech an dann eis Dierfer dës Säit der Äisch, ma ëm 1500 waren déi Näschter all mateneen op 22 Stéit gefall, an eréischt 1589 wir nees bal alles am Ale gewiescht, wann duerno nët geschwënn nees de Misär lass gaang wir. Do koum den 30järege Krich an de Streech.

Ëm 1624 waren déi Elter Dierfer nees esou blutaarm wei 50, 100 Joer virdrun. D’Hal­schecht vun de Leit ass heesche gaang, a vläicht fanne mer des Kéier esouguer deen eraus, dee wéinstens zum gudden Deel, un deem neie Misär Schold war. Richteg eleng schold, well en a sengen Dierfer huet hien e ganze Koup Stéit auserneegerappt a futti ge­maach, dat war den Häre vun Elter hiren Amtmann, de Péiter Britt, wat en Hexebren­ner war, wei d’Géigend kee méi erlieft hat. An engem Joer hat en a senger Herrschaft an déi drësseg Fraleit mat Damp géint Him­mel geschéckt an hir Heipen ënnert den Hummer bruecht.

Ët muss een awer gläich derbäi soën, datt en sech zum Gléck wéinstens an engem ver­rechent hat, deen sech wiere konnt: Dat war dee gescheite Paschtouer Gaderius, deen deemols zwou Pore versin huet, Kaerch a Stierpenech. Do war de Britt un ee geroden, deen méi hell war wéi hien an deen huet dem Hexebrenner dann och eericht d’Handwierk ge­luegt. Ët ass nëmmen e Beispill, wei an enger miserabeler Zäit nach Geier a Gaascht, an Haass derbäi, eng ganz Rëtsch Dierfer nach fir Joer­zengte konnt an d’Ongléck bréngen. Sou laang se ët gespuurt hun an nach laang duerno hu se vum Hexebritt gezielt a vun deem eenze­gen, deen ëm de Bass konnt halen.

Mir gesin: Eis Dierfer hu schons hir Geschicht, souguer wann se och selwer nët fir eng Onz schold dru sin.

 

Weini gung ët un der Äisch nees biergop?

Do huet ee besser kengem eleng de Ver­déngscht drun ze gin. Ët koum eent bei d’anert, bis alles nees d’Kéier hat. Deen éisch­ten Zock vun engem neie Wand laanscht d’Äisch, dat war vläicht deen éischte klengen Héich­uewen zu Simmer, an aner Wierder „d’Simmer Schmelz“, deemols wéi 1624 hiren éischten Hëttenhär, den Thomas Bidart, dowéinst mat den Häre vun Aansebuurg eens gin ass. 1665 huet en du och de Koler Haff opkaaft an zu­gläich natiirlech och d’Recht fir iwwerall op sengem neie Grond a Buedem no Ierz ze sichen. Domat hat en an engems all Bauer a Bëschkläpper aus dem Streech och mat d’Flou an d’Ouer gesat, fir selwer op hire Gewanen a Steerauschen no Ierzklompen ze sichen an him se op seng Schmelz ze féieren. Op der Simmer Schmelz luch zenterhier fir den Ierz­wäscher an den Ierzgriewer d’Gold am Klengen a fir de Schmëttenhär am Groussen. Geschwën sin d’Schmëttenhäre selwer adleg gin, sou gutt hu se sech opgedin. 1765 huet de Grof vu Marchand, dem Thomas Bidart säin Enkel, ewell säin zweeten Héichuewen opgeriicht. Ët huet du da jhust nach bis zur Fransousen­zäit gedauert, bis 1802, du koum och schons deen drëtten Uewen déi Säit op Clairefontaine stoen (oder – wéi se déi Zäit nach dacks deen Eck genannt hun – op Baardebréch), an déi Keier war ët dann de Schmelzmeeschter Si­monet vu St-Leger.

Zu Simmer huet d’Schmelz 1811 schons 550.000 Kilo Goss am Joer geliwwert. Fir 1.000 Kilo Goss huet een 3.300 Kilo Ierz missen hun, 1.200 Kilo Holzkuelen an 300 Kilo Kalleksteen. Mir mussen do alt nees e gudd Stéck hanne­récks denke fir ze verstoë, wéi kleng déi Zäit nach geplangt a geschafft huet. Fir datt d’Schmelz déi doten Zomm konnt liwweren, do hun zu Hoen, zu Stengefort, zu Koler, an nët nëmmen do, ëmmer en 2, 3 Ierzwäscher ge­schafft, an déi hun och nach 2, 3 Fouerleit gebraucht mat grad esou vill Pärd, fir d’Ierz op d’Plaz ze kréien. Wann een déi ganz klees­per Produktioun géif an eis Begrëffer ëm­setzen, da géif ee mat engem Kamion esou eng fofzéng mol hin an hier fueren. De Simmer Schmelzuewen huet deemools an engem Joer esouvill Goss gespaut ewéi e modernen Heich­uewen an e puer Stonnen, mä fir déi Zäit war ët eng Leeschtung. Ët ass duergaang fir en extrae Rapport un de Keeser Napoleon ze verfaassen.

Ma elo, wou deem säin Numm grad fällt, elo gesi mer, datt mer iwwert där klenger Pro­béierches vun eisen éischte Schmelze laanscht d’Äisch fir een
Ablack déi méi grouss Ge­schicht vergiess haten, an dat heescht ët elo viv nohuelen, wëll endlech huet sech dann nees politesch eppes hei gedin.

Um Schlass vun Elter war wuel well laang virdrun eppes un d’Rulle komm, wat d’Baue­ren an der Herrschaft sécher nach kee Schwanz gedréckt huet, ma ët ass awer der­wäert ernimmt ze gin: Schons 1650 hat den Domainereceveur Jean Reichling vun Arel 5/8tel vun de Gidder vun Elter-Stierpenech gesteet. Déi lescht Linn vun där aler Schlass­härrschaft, d’Famill vun Elter-Argenteau, déi hun nëmme méi hir 3/8tel Rescht behalen. Ge­schwënn huet sech an der spuenescher Zäit och zu Elter deen neie grouss biergerlechen Adel breet gemaach. Dem Bauer ronderëm ass ët duefir nët besser gaang, ma hechstens well e bal d’ganzt 18t Jorhonnert iwwer, emol kee Krich am Land erlieft hat.

Ma Kaméidi mat der Schlassherrschaft – ob dat elo Adel vu gëscht oder vu virgëscht war – därs gouf ët och déi Zäit nach vel­lechen a genuch, an esouguer nach mat de Schmelzhäre vu Simmer, déi sech ët muench­mol kalbliddeg konnte leeschten, fir den Ierz­wäscher a Fouerleit vun Hoen, vu Betten a vu Stengefort zäitweis glat kee Fouerloun aus­zebezuelen: Do gouf ët esou eppes ewéi en Uerder vum Kinnek – wann ët een antipro­letareschen Uerder gin huet (an der Industriegeschicht vun der Geigend) -, da muss ët dee gewiescht sin: Dat Edikt war vum spue­nesche Kinnek de 14. Oktober 1540 ergaang, ma de Grof Marchand vun Aansebuurg huet sech 1770 nach drop gestäipt: Dat Edikt seet: Wann en Ierzmann zwee Jor laang säi Loun nët kritt huet, da brauch en nët méi kloën ze kommen, well dann huet en en nët mei zegudd. Ët ass gudd ze wëssen, wéi een déi Zäit nach u belleg Aarbecht koum: 1770 hu 15 Mann aus eisem Eck – 6 Mann vun Hoen,  – 3 vu Randeleng, – 5 vu Betten an 1 vu Sten­gefort géint deen Aansebuurger geklot fir eng Zomm vu 5606 Gulden fir all dat Ierz, dat se him geliwwert haten an dovun hate se nach nët ee roude Sou agestach. Deeselwech­ten huet sech awer nët geschummt, fir se och nach ze doën, eng Tax bezuelen, fir dat Ierz iwwerhaapt därfen an der Äisch ze wä­schen.

Bis 1795 war d’Äisch nach en Härewaasser an do hun d’Fransouse geraumt, nët nëmme matt de Schlasshären si se gefuer, ma mat där ganzer Landkaart. Am nei annektéierten Dé­partement des Forêts koume Betten, Hoen an de Grashaff an déi nei Gemeng Elter, ma Stengefort gouf esouguer Haaptduerf vun engem neie Kantong, deen awer nëmme jhust 14 Méint gelieft huet. Ewell 1796 hun d’Fran­sousen de Kantong Stengefort nees ofge­schaaft, well en eemol ze schappeg zesumme­gesat war, a 1799 gouf Stengefort du dann eng Gemeng mat Betten, Hoen a Grass, ma dach nët grad ganz ewéi haut, well och nach Stierpenech hu se derbäi geschloën – oder besser derbäi gelooss, well déi Dierfer hunge jo éiweg zesummen.
Stengefort huet Stierpenech nach behale bis den 19. Abrëll 1839 zu London, tëscht der Belsch a Lëtzebuerg, déi nei Grenz gezu gouf, mat der Äisch als krommenalësche Stréck duerch d’Géigend. Ma déi Krengel op der Kaart, an ët ass nët déi eenzeg, déi hellt hir Kéieren an deem Eck jhust e puer belsche Barongen zuléift, déi onbedengt wollten hir Grenzschlässer an der Belsch leien hun. Si hun duefir keng Onz gezéckt, fir eng ganz Géigend flang der Längt no opzerappen, déi deemools hott an har stacklëtzebuergesch ge­schwat huet, an ët ass hinne geroden.

Ma vun deem, deen déi nei Grenz geluegt huet, vun deem ass nach laang gezielt gin, grad ewéi wann d’Baueren aus dem Streech vun engem geschwat hun, dee keng Fur konnt hale mam ale Plou. Dann hu se och gesot: „En ass gefuer ewéi d’Koler Baach“.

 

 

D’Geschicht vun der Stengeforter Schmelz.

Nët laang no der Fransousenzäit huet och hei een d’Saach ugepaakt, a ganz zerguttst, mir wësse jhust nët genee, an u wat fir engem Enn fir d’éischt. Dee Mann, dat war de Ge­schäftsnann Wellem Pescatore vu Lëtzebuerg. Hien hat op der Äisch eng Millen, déi grad richteg luch, fir en Hëttewierk draus ze maa­chen, ma hien huet et d’éischt emol am klen­ge probéiert, mat grad esou engem Uewe wéi déi Säit de Simonet zu Clairefontaine: 1820 huet en sech deen op Stengefort gebaut, wann deen ale Plang stëmmt, deen dodriwwer fond gin ass, an esou huet de Meeschter Pes­catore sech dann eng Zäitche geplot, wann een esou ka soën, bis e sech 1846 méi eng grouss Konzessioun gefrot an se och kritt huet: d’Erlaabnes fir e groussen Héichuewen a matt engem Schmëttewierk derniewent, kën­nen opzeriichten. Elo konnten dann d’Baue­ren am ganzen Ëmkrees alleguer hir Stecker duerchwullen, well ët gouf op ganz grousse Flaatschen iwwerall, an Hallefmeterdéift, eng Onmass Ierz, dat een zum gudden Deel am hellen Do konnt rafen, ouni ënner d’Äerd ze goen.

Fir Galerien ze bauen, dat haten eis Bauere souwéisou nët geleiert, dat hun d’Wallouner se misse weisen, déi geschwënn trappweis hir an d’Land gezu sin. Tëscht Grass an Hoen stungen em 1870 nach an déi 50 vun hire stréigedéckten Heipen – alles Stenge­forter Schmelzaarbechter, déi  duer fir en Apel an e Stéck Brout an den Doloun schaf­fe koumen. Esou een Doloun war nu wiirklech nët deck: Zu Koler hun se nach esou ee Schmelz-Doléineschbuch erëmfond – tëscht 1860 a 70 huet esou een Aarbechter jhust 1 Frang 75 den Dag verdéngt. Ma an esou aarmen Zäite war all Schaff derwäert, an de Schmëttenhär hätt der 10 fir ee kritt. Mat de Fouerleit hat d’Schmelz ët deemno nach méi liicht: Grad déi kleng Baueren, denen hir Gespanner nët ëmmer ausgelaascht waren, déi hun do wéi rose mattgemaach. Do haten déi dräi Dierfer souwisou eng al Traditioun. Ewëll déi fréier Häre vun Elter hu vun hire Leit ëmmer eng Ierzfouer begiert, eng extra Corvée, eng Krauécht (op al lëtzebuergesch), wéi ët se op engem esou ierzräiche Bann bal huet misse gin. An da gouf ët zënter dem Pescatore senger Zäit an der Gemeng och eng Retsch „Ierzwäschen“, Plazen an der Äisch, wou d’Ierzknuppe propper geweecht gi sin, an da Kueleplazen e sëllechen. Aus deene schéine Bëscher ëm de Schwaarzenhaff huet ët geschwënn iwwerall eraus gedämpt. Eng Doze Joer laang huet de Wellem Pescatore zu Stengefort op vollen Toure geschafft, bis an de 50er Joeren d’Minett op en neits entdéckt gin ass, a bis de Gilchrist Thomas séng nei Schlakemethoud erfond hat.

Ëm déi Zäit hun all Lëtzebuerger Schmelzen, eng no der aner, zougemaach, bis op Clairefontaine, déi Säit der Grenz, a Stengefort. Den zweeten Aansebuerger Uewen hat sech laang beduecht, mä 1857 huet hien och missen dru gleewen.
De Wellem Pescatore hat nun déi gudd Iddi fir séng Stengeforter Schmelz de Bridder Collart vun Dummeldeng ze verkafen, déi sech zu Esch an zu Uewerkuer jhust déi beschte Minettslännereien zougeluegt haten. Déi Stengeforter Hëtt hat schons nach hire Wäert, well si luch gutt, an d’Bëscher ron­derëm de Schwaarzenhaff, déi goufen genuch hir fir ze brennen a fir ze bauen.

1869 hun d’Collart’en du och nach d’Maschi­ne vu Clairefontaine iwwerholl. Zënter 10 Joer ewell hat du wéinstens och Klengbetten d’Eisebunn kritt; do huet dann alt nët méi alles gefeelt. Wéi d’Atertbunn och bis gelaf ass, du gung ët der Collartsschmelz ëmmer besser, well si krut zimmlech erbäi wat se wollt.

Vun do un huet apaart Stengefort säin aalt Duerfgesiicht verluer. D’Bauerewiese sin zréckgaang, ma d’Aarbechterwunnechte sin nëmmen esou dorëmmer aus dem Buedem geschoss. Bis 1910 huet d’Familje Collart d’Schmelz nach selwer geleet, an si huet wiirklech hir Verdengsch­ter an der Gemeng, a sief dat nëmmen d’Stëf­tung vum Spidol, dat zënter 1900 do fonk­tionnéiert.

Nom Doud vum Charel Collart ass dann aus der Schmelz eng Aktiegesell­schaft gin, déi da mam Felten-Guillaume Karlswerk vu Köln-Mühlheim fusionéiert huet. Mat iwwer 70 ha Ierzgrouwen – ounst déi 200 ha, déi se nach gepuecht hat – stung déi nei Gesellschaft een Ablack onheemlech staark do, an si hat och déi beschte Plange prett­ leien, fir sech op de Mortjess ze moderni­séieren. Du koum de 14ter Krich!

Dat Dommst, wat er du konnt geschéien, dat ass er dun och geschitt: Si huet géint Enn vum Krich en Thomas-Walzwierk opgeriicht, dat déi Däitsch zu Valenciennes am Frank­räich gemopst haten an du koum se herno racksdeg ënner Sequester. Dat franséischt Walzwierk huet se natiirlech missen erëm ofmontéieren an hannescht gin. Dat war e schroë Schlag, ma nach keen deen se erschloën huet. Hir Produktioun luch deemools bei 180 bis 200 Tonne Goss den Dag, an 90 bis 100 Tonne Stol. 520 Mann hun du um Wierk geschafft.


Am Sequester koum du alles ënner d’Kontroll vun der Société des Mines de la Loire an 1920 krut d’Gesellschaft Athus-Grivégné d’Stengeforter Aktien iwwerdroën, an déi huet sech 1927 da mat Angleur zesummen ge­din. D’Stengeforter Hëtt huet sech wuel däer­fe virun „Société Anonyme des Hauts-four­neaux et Acieries de Steinfort“ nennen, ma wéi se bis hirer neier „Société Mère“ hir Grouwekonzessioun zu Esch verkaaft hat, du huet sech da gewise, wie wiem eng ge­kréckelt hat. Wéi Angleur d’Mine bis am Sak hat, du war dat den Ufank vum Enn.

1930 sin zu Stengefort déi zwéin éischt Héichuewen ausgaang an dat Jor drop ewell kruten d’Aarbechter all rengelech gekënnegt. Du ass da séier alles an d’Chamber gelaf, Zodi schloën, ma ët war ze spéit, a schons den Oktober 1932 stung alles eidel. D’Firma An­gleur huet doropshin endlech Faarw bekannt, well si hat jo vun Ufank u wëlles, dei Mi­nett an d’Belsch ze schleefen. Ma do huet de Lëtzebuerger Stat sech dann awer ge­wiert, well dat war géint d’Konzessioun. Esouguer d’internationalt Geriicht vu La Haye ass dermatt geplot gin, ma zu engem Uurtel ass ët keemol komm. 1938 ass nees pa­lavert gin, fir nees en neien Uewen duer ze riichten, ma dat konnt och gleewe wie wollt. 1940 hun d’Preisen du alles rengelech verschrott.

 

D’Gemeng Stengefort huet his haut hir Problemer gehat,

si huet se och ëmmer kannt, an ët huet zum dacksten nët un hir gehale fir se meeschter ze gin. Nom leschte Krich sollt zum éischten emol déi belsch Firma Cockerill an där fréie­rer Schmelz Phenol fabrizéieren, ma dat war alt erëm nët fir laang. 1958 kruten déi Sten­geforter gesot, ët géif sech nët méi rentéie­ren a schons war et aus dermatt.

Dorop hin huet d’Gemeng du selwer eng direkt onheem­lech Initiative geholl: Si huet de ganze Be­reng vun dar aler Hëtt, mat allen Installatiounen a 76 Aarbechterwunnechten, an nach mat allen Escher Minettsgrouwen opkaaft, fir 158 Millioune Frang. Wat fir e Bommege­schäft d’Gemeng fir eng Keier domat gemaach hat, dat huet sech kuurz drop ewëll gewisen, wéi se d’Minettskonzessioun eleng fir 125 Milliounen un d’Arbed an un d’Hadir lassgin ass. (Am Kafakt hat deen Artikel fir 78 Mil­lioune gegollen: déi 47 Millioune Benefice, déi en abruecht huet, déi konnt ee gut gebrau­chen).
Domat war awer d’Phenolsfabrik nach laang nët ofgeschriwwen: 1959 huet du eng däitsch Gesellschaft – d’chemescht Wierk „Lowi“ – d’Installatioune fir 10 Joer gepuecht, kuurz ier se selwer du mat den „Albert Wer­ken“ vu Wiesbaden fusionéiert huet. Jhust zu Stengefort huet d’Enterprise déi Kéier alt nees nët gebonnen, an d“Société Chimique de Steinfort“ huet schons 1964 ee fir alle­mol missen zoumaachen. Déi Kéier ass dann awer alles ofgerappt gin an den Terrain krut d’amerikanesch Textilfabrik „Uniroyal“ zouge­wisen.

Ouni Industrie ass d’Gemeng also haut nawell nët, an si huet och guer nët welles, sech esou séier zefridden ze gin. Fir den Ablack huet se nach allerhand Pourparleen lafen, an ët misst een sech nët wonneren, wann et ee gudden Dag do nees géif Neits gin.

D’Gemeng Stengefort huet sech, wann een se haut kuckt, nawell „gudd gemaach“. Si huet sech gudd opgedin, trotz alle Labrenten, an déi se ëmmer nees geroden ass. Si ass zesoë riicht duerch ëmmer nach gewuess, an dat obschons se hire Friemeprozentsaz erofkritt huet. 1970 luch en nach bei 37,9%, haut (1985) sin ët der nëmme méi 30,2. Dobäi ass awer d’Po­pulatioun am ganzen zenter 1970 vun 2.582 op 2.947 eropgaang. Bei wäitem déi meescht Leit huet Stengefort mat 1.637 Awunner, da komme Betten an Hoen, déi bal gläich zéien, mat 660 a 602 Awunner, an zu gudder lescht déi kleng Sektioun Grass mat nemme 47 Leit.

Ët ass iwwregens territorial gesin eppes ewéi e klenge Jux, datt Grass als Gemengeland ganz ewéi eng Insel vum Rescht vun hirer Gemeng ofgeschnidden ass, well dertëschent reedelen d’Belsch an d’Gemeng Gaarnech d’ganz Landkaart of. Jhust iwwer eng Staats­strooss an nët iwwer Gemengebuedem fiirt ee vu Stengefort op Grass. Ma dat ass, wéi gesot, nëmmen e faule Witz vun der Geo­graphie, dee spiirt ee knaps am Portmonni.

Grass huet nach matt déi décksten zwee Baue­rebetrieber op seng 42 Leit. Wéi gesäit ët anerwäerts domat aus? Betten an Hoen hun allebéid op iwwer 600 Leit nëmme méi 5 Baue­rewiesen, an zu Stengefort ass ewell guer keent méi. Iwwert déi Entwécklung muss do kee sech wonneren, well dee Wee war esou gut ewéi virgezeechent.

Wéi steet et nun awer soss matt den Aarbechtsplazen an der Gemeng?

D’Uniroyal schafft haut mat an déi 250 Leit, ma doniewent schaffen nach eng hallef Dozen aner Betrieber, déi alleguer esou tëscht 30 a 50 Leit brauchen. Ob dat elo d’Faarwefabrik ass oder d’Klengbettener Millen oder de Konstruktiounsatelier oder d’Gradel oder d’Stargas. A vergiesse mer och nët d’Spidol, dat och nach seng 50 Leit be­schäfftegt. An déi 30 Aarbechtsplaze gët ët ronde­rem sécher och an de Bankfilialen. Domat kéime mer op ronn 800 Aarbechtsplazen an der Gemeng, an dat ass ewell e gudde Fong, wann der och schon nach bal grad esouvill aus mussen op d’Aarbecht fueren.

D’Gemeng Stengefort huet also zenterhier ëmmer nach Leit bäikritt, obschons eng Parti Auslänner an der Tëschenzäit schons nees ge­plënnert sin. Eng Grimmel vurwetzeg mecht dat do ee jo awer och, wann een sech d’Fro stellt, wéivill kleng Gemengebierger do da bäikomm sin, déi lescht Zäit, esouer déi nach an d’Schoul gin. Ma do weisen eis d’Zuelen dann nees déi al Geschicht, déi mer zesoën aus alle Gemenge bis elo gewinnt sin:

D’Primarschoulen hun der am Ablack 186 an d’Spillschou1en 69, zesummen also 235 Schoulkanner op eng Populatioun vun 2.947 Leit. Dat mecht knapps 8%. Mir huelen dee Problem jhust hei matt virun, well en an eis Statistik passt; e kennt nun eben ëmmer ërem, ma hei ass ët eenzock kloër, datt d’Gemengepopula­tioun nët vu banne wiisst ma vu baussen.

Kucke mer eis nach jhust déi méi gliddeg Problemer un, déi d’Gemeng Stengefort fir de Moment op der Tapéit huet:

Dat wichtegst hu mer ewell ugeschnidden­, si verhandelt nach dichteg virun fir nach méi Industrie eranzekreien; do huet se guer nët wëlles, d’Saach schwammen ze loossen. Hir Infrastruktur ass, sou wäit ee ka kucken, tipptopp an der Rei: Trottoir, Kanalisatioun, wéi een ët gär hätt. Mam Waasser sin d’Leit esouguer verwinnt well si wunnen nach an enger Gemeng, déi virun hiirt éischtklas­segt Quellwaasser vum Käercher Waasser­wierk kritt. An dann ass Stengefort och wuel matt déi eenzeg Gemeng, déi nach selwer hiirt Elektresch verdeelt an och selwer d’Leitun­ge leet.

E besse Suergen huet s’ewell jo schons mam Tourissem: De Syndicat d’Initiative wellt elo mol op där aler Eisenhëtt e Musee ariichten an da soll och nach beim Sportszentrum e grousse Fëschweier entstoen.

Déi Stengeforter Geschäftsleit sin natiirlech nët grad frou gewiescht, wei déi nei Auto­bunn laanscht d’Duerf gaang ass an nët der­duerch. Op déi Manéier ass ët op där aler Grenzstréck méi roueg gin. Nun heiert een awer och ewell, datt ët jhust d’Kamionen sin, déi d’grouss Strooss viru fueren, an datt d’Autoen dacks dach de Wee op Stengefort fannen. Deene vun der Grenz wir ët nëmmen ze wënschen, well u Gedriff feelt ë hinnen op kee Fall.

______________________________________

Wéi mir ufanks Januar 2006 dësen Text, deen 1984 iwwert d’Antennen vum UKW gaangne ass,  aus eisen Archiven gekroopt hun,  fir en op eisen Internet-Site ze sëtzen, ware mir der Meenung, datt mir och sollten e puer Wurt iwwer déi 25 Joer schreiwen, déi zënterhir vergaange sinn. Op deene nächste Säiten kukke mir op dat wat sech Wichteges an och manner Wichteges bei eis zougedroën huet.

d’Gemeng Stengefort um Wee an dat 21t Joerhonnert

Aus dem geplangten Musée an der Aler Schmelz ass näischt gin, duerfir ass awer 1989 an engem vun deene läschte Gebäier vun der Schmelz e flotten „Centre Cuturel“  ageriicht gin, deen duerch de „Stengeforter Theaterfestival“ am ganze Land, an och bis iwwert d’Grenz eraus, bekannt ass.

Nit nëmmen een attraktiven Weier, mä och eng groussreimeg Allzweckhal sinn an de Joeren 1988-89 am Roudemer, niewt der Sportshal an der Schwämm entstan.

 

 

1993 ass d’Stengeforter Spidol ëm 30 Better vergréissert gin, a progressiv zu engem Pfleegeheim ëmgebaut gin. Gläichzäiteg ass an der Rue Collart een neie Komplex matt Seniorenwunnengen gebaut gin, an an d’Plaz vum ale Spidol am Habschter Wee koum een Asylantenheem stoen.

Vum Joer 1995 un funktionnéiert eng Schoulkantin, d’Education Précoce gëtt et zënter 1998.

 

 

 

Um gemenge-politësche Plang ass et och wichteg ze soen datt d’Gemeng Stengefort zënter dem 12. Mäerz 1999 als Proporz-Gemeng gezielt gëtt.

Déi komplett Renovatioun vum Duerfzentrum ass am Januar 2000 an Ugrëff geholl ginn. Zënterhir ass déi fréier Maartplaz, mam Square General Patton, dem Kiosk an och deem schéine Wee laanscht d’Äisch bis an d’Schmelz,  e klenge Bijou.

Eng Internetstuff an een Haus fir d’Jugend gëtt et zënter 2003, an an deem selwechte Joer ass och e neien zousetzleche Waassertuerm um Kinnégsbierg a Betrib geholl gin.

Am November 2004 huet Klengbetten eng nei Précoce- a Spillschoul kritt an am Dezember 2005 huet de „Centre Psycho-gériatrique“ am Stengeforter Spidol seng Dieren opgemaach.

Ervirzehiewen bleiwt nach datt zënter dem 31. Juli 2004 erëm e Stengeforter Regierungs-verantwortung dréit. Et ass dat eise laangjährege Buergermeeschter Jean Asselborn, deen an der aktueller CSV/LSAP Regierung de Posten vum Vize-Premier an Aussenminister bekleed.

Den éischte Stengeforter deen zu Ministeréiren koum as, war den Här François Simon (PCS) aus der Schmuelgaass, dee vum 02.09.1950 bis zum 03.07.1951, der Regierung Dupong / Schaus, als Minister vun den „Affaires économiques et de l’Agriculture“ ugehéiert huet.

Modern Infrastrukturen, dynamesch Betriber, eng grouss Offer u sportlechen a kulturelle Méiglechkeeten, en aktivt Veräinsliewen, eng intakt Natur direkt virun der Hausdier, waren an der Vergaangenheet, a sinn och nach haut, de Garant duerfir datt d’Gemeng Stengefort ni eng Schlofgemeng war an och esoubal keng gi wäert.

D’Gemeng Stengefort an Zuelen  (2005)

Gesamtfläch: 1 216 ha
Bebaute Fläch: 180 ha
Staatlech Stroossen: 15 km
Gemenge Stroossen: 28 km
Héichste Punkt: 349 m
Déifste Punkt: 349 m
4 315 Awunner: dovun 1 606 nit-Lëtzebuerger; dovun 1 475 EU-Bierger
Ordentleche Budget: 61 212 316 €
Investitiounen: 26 972 768 €
Pro Kapp Verschëldung: 77,72 €
Gemengetaxen: Waasser: 1,2146 €/m3
Kanal: 0,3966 €/m3
Offallentsuergung: 1,2395 € fir 1x Eidelmaachen
Hondssteier: 25 €
Aarbechtsplazen an Industie an Handel: +/- 1000
Aarbechtsplazen an der Verwaltung: +/- 100
27 Schoulklassen matt 424 Schüler
51 lokal Veräiner 1 Sportshal
1 gedeckten Schwämm mat Sauna
1 Foussballterrain
6 Tennisfelder